Beatrix I. vun Holland
D'Prinzessin Beatrix Wilhelmina Armgard, Prinzessin vun Oranien-Nassau, Prinzessin zur Lippe-Biesterfeld, gebuer den 31. Januar 1938 zu Baarn, war vum 30. Abrëll 1980 bis den 30. Abrëll 2013 als Beatrix I. Kinnigin vun Holland.
Den 30. Abrëll 2013, um hollänneschen Nationalfeierdag, huet si zu Gonschte vun hirem eelste Jong Willem-Alexander ofdgedankt.[1]
Liewen[änneren]
D'Prinzessin Beatrix Wilhelmina Armgard vun Oranien-Nassau ass den 31. Januar 1938 als eelste vu 4 Duechtere vum Prënz Bernhard zur Lippe-Biesterfeld an der Prënzessin Juliana vun Oranien-Nassau gebuer. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si mat hiren Elteren an Grousselteren an den Exil op London, a spéider Ottawa gaangen.
Op hirem 18. Geburetsdag gouf si offiziell zu der Trounfolgerin ernannt. Si huet op der Universitéit Leiden Coursen a Soziologie, Droit, Economie, Parlamentsgeschicht, Verfassungsrecht, a spéider och tëschestaatlech Affären, Geschicht an europäeschen Droit beluecht. 1961 huet si hiren Ofschloss an Droit gemaach.
Den 10. Mäerz 1966 huet si sech mam däitschen Diplomat Claus von Amsberg bestuet.
Nodeems hir Mamm, d'Kinnigin Juliana ofgedankt hat, gouf d'Beatrix den 30. Abrëll 1980 Kinnigin vun den Nidderlanden.
De 6. Oktober 2002 ass hire Mann, de Prënz Claus gestuerwen. Si hunn dräi Jongen:
- Kinnek Willem-Alexander (* 1967)
- Prënz Johan Friso (* 1968)
- Prënz Constantijn (* 1969)
Déi hollännesch Kinneksfamill ass ee vun de Groussaktionäre vum Royal Dutch Shell-Konzern.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Beatrix of the Netherlands – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ www.koninklijkhuis.nl Homepage vum Kinnekshaus