Bernhard zur Lippe-Biesterfeld

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bernhard zur Lippe-Biesterfeld
Gebuer 29. Juni 1911
Jena
Gestuerwen 1. Dezember 2004
Utrecht
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Holland
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Aktivist, Naturschützer, Pilot, Fotograf, Offizéier
Partei NSDAP
Famill
Bestuet mat Juliana vun Holland
Kanner Beatrix I. vun Holland, Irene vun Oranien-Nassau, Margriet vun Oranien-Nassau, Christina vun Oranien-Nassau

Bernhard Leopold Friedrich Eberhard Julius Kurt Karl Gottfried Peter, Prënz zur Lippe-Biesterfeld, gebuer den 28. Juni 1911 zu Jena a gestuerwen den 1. Dezember 2004 zu Utrecht), Prënz vun Holland, war de Mann a Prince consort vun der Juliana von Oranien-Nassau, Kinnigin vun Holland. Zesummen hate si véier Diechter: déi spéider Kinnigin Beatrix an hir Schwësteren Irene, Margriet a Christina. Ausserdeem hat hien zwou Diechter, Alicia de Bielefeld (* 1952) an Alexia Grinda (* 1967) déi net aus dem Bestietnes mat der Kinnigin Juliana waren.

Hie war den eelste Jong vum Bernhard zur Lippe (Haus Lippe) senior an Armgard von Sierstorpff-Cramm.

Jugend[änneren | Quelltext änneren]

An den alen Zivilstandsënnerlagen, déi am thüringesche Jenaer Stadarchiv erhale sinn, ass den 28. Juni 1911 als Dag vu senger Gebuert agedroen. Sou lang wéi e gelieft huet, gouf den offizielle Gebuertsdatum awer als 29. Juni uginn, an dat ass warscheinlech och säi richtege Gebuertsdag. De Bernhard zur Lippe-Biesterfeld junior huet a senger Jugend doheem um Gutt Reckenwalde am ëstleche Brandenburg gelieft. Vun 12 Joer un koum hien an en Internat op Züllichau, wou hien och 1929 säin Abitur gemaach huet. Duerno huet hie Jura op den Universitéite vu Lausanne a Berlin studéiert. Hien hat e Faible fir séier Autoen, Reiden a Safarien. Bei engem Bootsongléck a bei engem Fligercrash koum hie bal ëm.

Beruff a Politik[änneren | Quelltext änneren]

Als Jura-Referendar gouf hien 1935 vun der Entreprise I.G. Farben ugestallt an ass nach am selwechte Joer zum Direktiounssekretär vun der Paräisser Filiale avancéiert. De Prënz Bernard war Member an der Reiter-SS, vun der Schutzstaffel vun de Nationalsozialisten a spéider vum NSKK, (Nationalsozialistisches Kraftfahrer-Korps). 1936 huet hien d'Prinzessin Juliana, Duechter vun der hollännescher Kinnigin Wilhelmina kenne geléiert. Als Adelegen a Protestant war hie fir d'Kinnigin als Eedem a Mann vun der Trounfollgerin akzeptabel. Trotzdeem gouf an Holland iwwer seng Akzeptanz vill diskutéiert.

Skandalen, an déi de Prënz Bernard verwéckelt war[änneren | Quelltext änneren]

  • Lockheed-Skandal
  • Schlass-Skandal
  • Aner Skandalen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bernhard of Lippe-Biesterfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien