Laange Marsch (Rakéit)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Rakéite mam Numm Laange Marsch. Fir anere Bedeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Laange Marsch (Homonymie).
CZ-2F-Rakéit

Laange Marsch, (Chángzhēng, ofgekierzt CZ (Chang Zheng)), ass de Sammelnumm vun de chineesesche Drorakéiten, dee vum militärstrategesche Marsch vum Mao Zedong ofstaamt. Zoustänneg fir d'Entwécklung an d'Koordinatioun vum Programm ass d'China National Space Administration (CNSA).

Startzentren[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1984 ginn dräi Startzentre fir déi verschidde Laange-Marsch-Rakéite gebraucht:

Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt verschidde Modeller vun der Drorakéit, déi deelweis aus vëlleg ënnerschiddlechen Entwécklungsrichtunge kommen (och innerhalb vun enger Modellrei). D'Rakéite sinn eng Eegenentwécklung vun der Volleksrepublik China, déi deelweis op der Technologie vu sowjetesche Rakéiten aus den 1960er an 1970er Jore baséiert.

D'CNSA hat follgend Bezeechnunge verginn (CZ-Bezeechnunge si mat de respektiven LM-Bezeechnunge gläichwäerteg):

  • CZ-1-Rei mat de Modeller CZ-1 an CZ-1D – liicht Drorakéiten (Notzlaascht LEO 0,75 t)
  • CZ-2-Rei mat de Modeller CZ-2C, CZ-2D, CZ-2E an CZ-2F – liicht bis mëttelschwéier, zwou oder dräistufeg och bemannte Drorakéiten (Notzlaascht LEO 2C 3,5 t, 2E/F 8,5 t)
  • CZ-3-Rei mat de Modeller CZ-3, CZ-3A, CZ-3B an CZ-3C – mëttelschwéier dräistufeg Drorakéite fir GTO (Notzlaascht 1,5 t (CZ-3).. 5,2 t (CZ-3B)) an interplanetar Bunnen
  • CZ-4-Rei mat de Modeller CZ-4, CZ-4B an CZ-4C – mëttelschwéier dräistufeg Drorakéite fir polar a sonnensynchron Bunnen (Notzlaascht LEO 2,8 t.. 4,5 t)
  • CZ-5-Rei – Projet vun enger Famill vu mëttelschwéier bis schwéier Droraketéin änlech der Delta IV, Atlas V oder Angara
  • CZ-6-Rei – Projet vun enger liichter Drorakéit, déi als Éischtstuf vun enger modifizéierter Variant vun de méi klengen CZ-5-Booster gebraucht gëtt. Si soll virun allem kleng Notzlaaschte bis zu engem Gewiicht vun 1,5 Tonnen an e sonnesynchronen Orbit bréngen.
  • CZ-7-Rei – Projet vun enger Rei vu mëttleren Drorakéiten, déi als Éischtstuf vun enger modifizéierter Variant vu gréissere CZ-5-Booster gebraucht gëtt.

De 15. Oktober 2003 ass et der Volleksrepublik China gelongen, mat enger Drorakéit „Laange Marsch 2F“ (CZ-2F resp. LM-2F) d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem Taikonaut Yang Liwei u Bord an eng Ëmlafbunn ëm d'Äerd zu bréngen. Domat ass China deen drëtte Staat no der Sowjetunioun an den USA, deen eegestänneg bemannt Flich mat selwer entwéckelte Rakéite bedreift.

D'Accidenter vun 1995 an 1996 an d'Auswierkungen op d'Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi am Ament stäerkste Variant ass de Laange Marsch 3B (CZ-3B resp. LM-3B), déi speziell fir den Transport vu Kommunikatiounssatellitten op Geotransferbunnen ausgeluecht ass. Dës Rakéit gëtt zu engem verhältnisméisseg gënschtege Präis op dem internationale Satellittestartmaart ugebueden, konnt awer bis elo nëmme wéineg Startopträg kréien, well d'USA d'Afuer vun US-amerikanesche Satellittentechnik a China sanktionéierten.

Den offizielle Grond fir d'Verbuet sinn d'Feelstarten an de Joren 1995 an 1996 mat enger CZ-2E resp. CZ-3B bei deene Rakéite kuerz nom Start an engem Nopeschduerf ageschloe respektiv iwwer der Startanlag explodéiert waren, woubäi vill Leit ëmkomm waren.

Zukënfteg Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun e puer Pressekonferenzen nom erfollegräichen zweete bemannte Raumfluch vu Shenzhou 6 hat sech de 16. Oktober 2005 de Sun Laiyan, ee vun den Direktere vun der nationaler chineesescher Weltraumagentur CNSA zum Theema „Entwécklung chineesescher Drorakéiten“ ausgeschwat: Hiert Zil wier et, eng Notzlaascht vu 25 t an eng niddreg Äerdëmlafbunn a 14 t an eng geostationär Ëmlafbunn ze transportéieren. Domat ass d'Rei vun de Rakéite vum Typ „Laange Marsch 5“ gemengt, déi änlech wéi d'Ariane 5 eng héichenergetesch, mat flëssegem Waasserstoff (LH2) a Flëssegsauerstoff (LOX) bedriwwen Zentralstuf asetze soll.

Am Juni 2007 hat China ugekënnegt, d'Kapazitéit vun de geplangten Drorakéite vun der Baurei vun 9,5 op 25 t ze vergréisseren.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laange Marsch (Rakéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. spiegel.de China plant Schwertransport-Rakete