Goddard Space Flight Center
De Goddard Space Flight Center (GSFC) vun der NASA steet zu Greenbelt am Prince George's County am amerikanesch Bundesstaat Maryland. Bis zu der Haaptstad Washington DC sinn et nëmmen 6,5 km. Weider Ariichtungen sinn op Wallops Island am Staat Virginia.
De GSFC ass e wëssenschaftleche Fuerschungslabor fir onbemannte Raumfaart a gouf no dem amerikaneschen Pionéier fir Rakéitenundriffstechnik Robert Goddard genannt. Et gouf den 1. Mee 1959 gegrënnt.
Am GSFC ass d’World Data Center for Satellite Informations (WDC SI) ugesidelt, dat weltwäit all Raumfluchkierper registréiert, an d’National Space Science Data Center d’Fuerschungsresultater an aner Donneeën vun an zu Raumfluchkierper publizéiert.
D’Registréierung erfollegt duerch d’Nummeréierung vun de Satellitten a Sonden, et handelt sech bei der Spacecraft ID (SCID) ëm eng 8 oder 10 Bits laang Binärzuel, déi vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS) agefouert an standardiséiert gouf.
Wëssenschaftlech Missiounen [änneren]
- Advanced Composition Explorer (ACE)
- ASTRO-E2
- Compton Gamma Ray Observatory (CGRO)
- Cluster II
- Cosmic Background Explorer (COBE)
- Extreme Ultraviolet Explorer (EUVE)
- Comet Nucleus Tour (CONTOUR)
- Fast Auroral Snapshot Explorer (FAST)
- Gamma-ray Large Area Space Telescope (GLAST)
- High Energy Transient Explorer 2 (HETE-2)
- ISEE/ICE-Programm De Satellit ISEE 1 koum wéi ISEE 3/ICE aus den USA, d’ESA hat ISEE 2 gestallt
- Imager for Magnetopause-to-Aurora Global Exploration (IMAGE)
- IMP-8
- International Ultraviolet Explorer (IUE)
- Microwave Anisotropy Probe spacecraft (MAP)
- Polar
- Ramaty High-Energy Solar Spectroscopic Imager spacecraft (RHESSI)
- Solar, Anomalous and Magnetospheric Particle Explorer (SAMPEX)
- Solar and Heliospheric Observatory (SOHO)
- Submillimeter Wave Astronomy Satellite (SWAS)
- Swift
- Thermosphere, Ionosphere, Mesosphere, Energetics and Dynamics (TIMED)
- Transition Region And Coronal Explorer (TRACE)
- Wind
- Rossi X-ray Timing Explorer (RXTE)
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Goddard Space Flight Center – Biller, Videoen oder Audiodateien |