Solar and Heliospheric Observatory
SOHO steet fir „Solar and Heliospheric Observatory“ (Sonn- an Heliosphär-Observatoire) an ass eng Raumsond resp. en Weltraumobservatoire vun ESA an NASA.
Inhaltsverzeechnes |
Missioun[änneren]
D'Aufgabe vum SOHO enthalen vill Experimente, déi der Erfuerschung vun der Sonn déngen. SOHO vereenegt dobäi europäesch an US-amerikanesch Sonde-Plange vun den 1980er Joren. D'ESA war verantwortlech fir d'Leedung vun der Missioun a stellt néng Experimenter. D'NASA stellt dräi Experimenter a war fir d'Drorakéit zoustänneg. D'Kommunikatioun mat dem SOHO a seng Steierung goufen vun der NASA duerchgefouert.
Opbau[änneren]
SOHO ass en dräiachsstabiliséierte, modular opgebaute Satellit, dee permanent op d'Sonn ausgeriicht ass. D'Sond ass ronn 4,3 × 2,7 × 3,7 Meter grouss (9,5 Meter mat ausgefuerene Solarzellen) an ongeféier 610 kg (1.850 kg beim Start) schwéier. Iwwer d'High-Gain-Haaptantenn kënne Biller an Donneeën mat enger Quote vun 200 kbit/s op d'Äerd geschéckt ginn. Als Emfangsstatiounen déngen d'Ariichtungen vum Deep Space Network vun der NASA. SOHO gouf vun engem europäeschem Team ënnert der Fiederféierung vun Astrium gebaut.
Verlaf[änneren]
Den 2. Dezember 1995 gouf d'SOHO vun der Weltraumgare Cape Canaveral vun der NASA mat enger Atlas-II-AS-Rakéit gestart.
SOHO befënnt sech an engem Halo-Orbit mat 600.000 km Radius ëm de Lagrange-Punkt L1, op enger Distanz vu ronn 1,5 Millioune Kilometer zu der Äerd. An dësem Orbit huet et wéist der Äerdunzéiung déi gläich Ëmlafzäit ëm d'Sonn wéi d'Äerd a kann sech do ouni Energieopwand halen. Vun der Äerd aus gesinn steet d'Sond ëmmer an der Géigend vun der Sonn. Si huet dobäi awer ëmmer en ausräichenden Ofstand, sou datt engersäits de Bléck vum Observatoire op d'Sonn net duerch den Äerdmound oder duerch d'Äerd gestéiert ka ginn, awer anerersäits Funkverkéier méiglech ass.
Am Joer 2003 war en Ausriichtungsmotor vun der Haaptantenn ausgefall. Duerch eng gréisser Emfangsantenn op der Äerd konnt dëse Probleem gehuewe ginn.
Déi kriteschst Situatioun gouf et awer schonns an der Ufanksphas vun der Missioun. De 25. Juni 1998 war während engem normale Bunnmanöver de Kontakt zu der Sond verluer gaangen [1]. Eréischt mat Hëllef vum Radioteleskop vun Arecibo (305 m Duerchmiesser) an dem Goldstone (70 m) war et gelongen, SOHO ze lokaliséieren [2] an den 3. August 1998 mat Hëllef vum Deep Space Network de Kontakt nei opzebauen [3]. Eng laangwiereg a schwiereg Reaktivéierungsprozedur war uschléissend ugesot [4][5]. Vollstänneg asazbereet war SOHO de 5. November 1998 [6][7].
SOHO ass nach ëmmer d'Flaggschëff vun der Sonnefuerschungssonden. D'Missioun gouf am Oktober 2009 bis Dezember 2012 verlängert.
Wëissenschaftlech Experimenter[änneren]
Nofolgend eng Lëscht vun Ariichtungen an Experimenter vum SOHO:
- CDS (Coronal Diagnostic Spectrometer)
- CELIAS (Charge, Element, and Isotope Analysis System; Universitéit Bern)
- COSTEP (Comprehensive Suprathermal and Energetic Particle Analyzer; Universitéit Kiel)
- EIT (Extreme ultraviolet Imaging Telescope; NASA / Goddard Space Flight Center)
- ERNE (Energetic and Relativistic Nuclei and Electron experiment; Universitéit Turku an Finnland)
- GOLF (Global Oscillations at Low Frequencies; Institut d'Astrophysique Spatiale, Frankräich)
- LASCO (Large Angle and Spectrometric Coronagraph; Naval Research Laboratory, USA an Max-Planck-Institut fir Sonnesystemfuerschung)
- MDI/SOI (Michelson Doppler Imager/Solar Oscillations Investigation; Stanford-Universitéit)
- SUMER (Solar Ultraviolet Measurements of Emitted Radiation; Max-Planck-Institut fir Sonnesystemfuerschung an Goddard Space Flight Center, USA)
- SWAN (Solar Wind Anisotropies; FMI, Finnland und Service d'Aeronomie, Frankräich)
- UVCS (Ultraviolet Coronagraph Spectrometer; Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics, USA)
- VIRGO (Variability of Solar Irradiance and Gravity Oscillations; Europäescht Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum)
Obschonns d'Sond am Ufank net extra dofir virgesi war, konnte mat SOHO och iwwer dausend bis elo onbekannte Koméite entdeckt ginn. D'Koméite sinn opgefall, wann si sech duerch d'Siichtfeld vum bildgiewenden LASCO-Detekter beweegten. Fir vum LASCO erfaasst ze ginn, mussen dës Koméiten der Sonn méi no wéi 800.000 km kommen, dofir nennt een dës Grupp och Sungrazer.
Kuckt och[änneren]
- Satellite fir Sonnefuerschung:
- Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Solar and Heliospheric Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: SOHO
- (en) ESA: SOHO
- EADS Astrium – SOHO
- Detailléiert Beschreiwung vun der SOHO-Missioun
- Artikel iwwer mat SOHO entdeckte Koméiten