Compton Gamma Ray Observatory

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Compton Gamma Ray Observatory
De Weltraumteleskop Compton Gamma Ray Observatory
Orbiter
Apogeum 453 km
Perigeum 448 km
Bunnschréiegt 28,5°
Bunn-Ëmlafzäit 93,6 min
Mass 15620 kg
Ofmiessungen 9,1 m Héicht, 21,3 m Spanwäit
Start 5. Abrëll 1991, 14:22 UTC
Startplaz Kennedy Space Center LC-39B
Drorakéit Space Shuttle Atlantis
Status ofgestierzt de 4. Juni 2000
Agentur NASA

De Compton Gamma Ray Observatory (CGRO) war e Weltraumteleskop fir Gammaastronomie.

Deen ufanks nëmmen als Gamma Ray Observatory (GRO) genannte Satellit gouf mat der STS-37-Missioun vum Space Shuttle Atlantis de 5. Abrëll 1991 gestart. Mat iwwer 15 Tonne war et de schwéierste wëssenschaftleche Satellit, dee bis dohi vum Space Shuttle an eng Äerdëmlafbunn bruecht gouf. No e puer Méint gouf hien zu Éiere vum Physiker an Nobelpräisdréier Arthur Holly Compton a Compton Gamma Ray Observatory ëmbenannt.

CGRO war dat zweet vu véier weltraumgestëtzten Teleskopen, dat vun der NASA am Kader vum "Great Observatory Programm" geplangt gouf. Déi aner Satellitte vun deem Programm sinn d'Hubble-Weltraumteleskop, d'Chandra-Teleskop an d'Spitzer-Weltraumteleskop.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

D'Instrumenter vum CGRO hu mat 20 keV bis 30 GeV e wäite Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum ofgedeckt. Instrumenter u Bord waren:

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Zu de bekanntste Resultater vun CGRO gehéieren:

  • Déi éischt Himmelsduerchmusterung bei iwwer 100 MeV Energie. Mat EGRET goufen dobäi 271 Quellen entdeckt.
  • Eng Himmelskaart an der Emissioun radioaktiven Aluminium (26Al) duerch COMPTEL.
  • 2000 Miessunge vu Gammablëtzer mat BATSE. Hir gläichméisseg Verdeelung um Himmel deit un, datt si net an der Mëllechstrooss, mä an anere Galaxien ausgeléist goufen.
  • Ënnerscheedung vu Gammablëtzer an zwou Klassen – laang a kuerz.
  • Entdeckung vu Blazaren als Haaptquell vun héichenergetescher Gammastralung.
  • Entdeckung vu schwaachen terrestresche Gammastrale vu Wiederen.

Ofstuerz[änneren | Quelltext änneren]

Den CGRO war schonn wäit iwwer seng Liewensdauer vu fënnef Joer, wéi de 6. Dezember 1999 ee vun de Gyroskope vun der Lagregelung versot hat. De Verloscht vu engem weidere Gyroskop hätt de Satellit onsteierbar gemaach. D'NASA hat sech dunn entschloss, den Teleskop kontrolléiert iwwer dem Pazifik ofstierzen ze loossen. D'Mass vum CGRO hat zu deem Zäitpunkt nach 14.910 kg. De 4. Juni 2000 ass de Satellit dunn an d'Mier gefall. Et hat sech dobäi ëm déi éischt Kéier gehandelt, wou d'NASA e Satellit kontrolléiert zum Ofstuerz bruecht hat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]