Arthur Holly Compton

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Arthur Holly Compton.

Den Arthur Holly Compton, gebuer den 10. September 1892 zu Wooster, Ohio a gestuerwen de 15. Mäerz 1962 zu Berkeley a Kalifornien war en US-amerikanesche Physiker a Nobelpräisdréier.

Ausbildung a Beruff[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofschloss vun der Schoul ass de Compton op de College vu Wooster gaangen, wou säi Papp, den Elias Compton, als Dekan a Professer geschafft huet. No erfollegräicher Graduéierung (1913) huet de Compton op d'Princeton University gewiesselt, fir do Physik ze studéieren. Do krut hien am Joer 1914 säi Master Degree, zwee Joer méi spéit krut hien dann den Doktertitel. No enger Aktivitéit an der fräier Wirtschaft huet hien ee Joer (1919) op der University of Cambridge geschafft. 1923 huet en op d'Universéit vu Chicago gewiesselt. Vun 1942 bis 1945 war de Compton am Kader vum Manhattan-Projet Leeder vum Plutoniumfuerschungsdepartement (→Atomwaff). Nom Zweete Weltkrich ass hien op Saint Louis (Missouri) komm.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

De Compton hat ëm 1922 d'Streeung vu monochromatesche Röntgenstralen u Kristallen ënnersicht an hat folgend Observatioun gemaach: Déi gestreete Stralung huet eng kleng Energie resp. eng méi en grouss Wellelängt opgewise wéi d'Stralung virun der Streeung. Dat Versuchresultat huet de Schloss zougelooss, datt d'Wellelängt vun héichenergetescher elektromagnéitescher Stralung sech ännert, wa s'un Elektrone gestreet gëtt. Dofir, sou mengt de Compton weider, muss d'Stralung Deelchecharakter hunn. Hien hat schliisslech folgend Erklärung op der Basis vum Photonemodell (Max Planck, Albert Einstein) fonnt. Wann e Röntgenphoton (Röntgenquant) mat enger bestëmmter Energie an engem bestëmmten Impuls op en Elektron trëfft, dann iwwerdréit et beim Zesummestouss e klengen Deel vu senger Energie a sengem Impuls op den Elektron. De Photon gëtt ënner engem bestëmmte Wénkel géint d'Afallsrichtung ofgelenkt, während den Elektron ënner engem anere Wénkel auswäicht (Réckstousselektron). De Physiker hat heimat de spéider no him genannte Compton-Effet entdeckt.

Nobelpräis an Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Keurz duerno ass et sengem schottesche Kolleg Charles T. R. Wilson gelongen, déi "ausweechend" 2 Elektrone mat enger Niwwelkummer nozeweisen. Fir déi Aarbechten hu sech de Compton an de Wilson 1927 den Nobelpräis fir Physik gedeelt. Nieft den Aarbechte mat Röntgenstralung a Gammastralung hat de Compton sech och mat Kettereaktiounen a kosmesche Strale beschäftegt. 1932 gouf hie korrespondéierende Member vun der Preisescher Akademie vun de Wëssenschaften. 1957 gouf hie vun der Stad Remscheid mat der Röntgen-Plackett ausgezeechent.

Asaz géint Atomwaffen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Bedeelegung un der Entwécklung vun der Atombomm am Kader vum Manhattan-Projet hunn de Compton staark belaascht. 1956 huet hien e Buch mat dem Titel "Die Atombombe und ich" publizéiert. Zesumme mat 18 aneren Nobelpräisdréier hat hien d'Mainauer Erklärung vum 15. Juli 1955 ënnerschriwwen, déi géint den Asaz vun Atomwaffen oprifft.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Säin eelste Brudder, de Karl Taylor Compton (1887-1954) war och Physiker a vun 1930 bis 1948 President vum MIT.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • mam Erwin Schuhmacher: Die Atombombe und ich. Nest Verlag, Frankfurt a. M. 1958
  • The Freedom of Man. New Haven, Yale University Press, New Haven 1935
  • X-ray and other studies. University of Chicago Press, Chicago 1974

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arthur Compton – Biller, Videoen oder Audiodateien