Robert Goddard

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Robert Goddard
E Film iwwer d'Liewen an d'Rakéite vum Robert Goddard (en)
D'Team vum Robert Goddard no engem Rakéitentest an New Mexico 1932

De Robert Hutchings Goddard, gebuer de 5. Oktober 1882 zu Worcester am Massachusetts, USA a gestuerwen den 10. August 1945 zu Baltimore am Maryland war en amerikanesche Wëssenschaftler a Rakéitepionéier. Seng voll Bedeitung fir d'Technik an d'Raumfaart gouf awer eréischt posthum unerkannt.

De Goddard hat Physik op der Clark University zu Worcester (Massachusetts) studéiert, a krut 1910 säi Master. D'Joer drop hat hie promovéiert.

Ähnlech wéi den Hermann Oberth hat och de Robert Goddard sech fréizäiteg Gedanken iwwer Raumflich op den Äerdmound an op de Mars gemaach. Wéinst senge futuristesche Raumfluchvisioune gouf hien awer als Phantast ofgedoen a war a Bezuch op d'Raumfaart bal ganz vergiess ginn.

Méi erfollegräich war de Goddard am Beräich vun der Rakéitentwécklung. Hien hat schonn ëm 1918 eng militäresch Feststoffrakéit an och de Prototyp vun der Bazooka, enger Panzerofwierrakéit entwéckelt. D'Bazooka gouf eréischt nom Enn vum Éischte Weltkrich fäerdeggestallt a koum sou eréischt am Zweete Weltkrich zum Asaz.

Hien hat net nëmmen déi mathematesch Grondlage vum Rakéitenundriff an eng praktikabel Technik vu Rakéitentester (Dreifwierks-Préifstand asw.) entwéckelt, mä hien hat och bewisen, datt Rakéitendreifwierker am Vakuum Schub produzéiere kënnen, wat d'Raumfaart eréischt méiglech gemaach huet.

Vun 1916 un huet de Goddard sech mat der Entwécklung vu Flëssegkeetsrakéite beschäftegt. D'Smithsonian Institution (kuckt och SAO) huet de Goddard dobäi finanziell ënerstëtzt. Den éischte Brennversuch vun engem Rakéitemodell war de 6. Dezember 1925, en éischten erfollegräiche Rakéitestart war de 16. Mäerz 1926. Obwuel déi Rakéit nëmmen 2,5 Sekonnen an der Luucht war, nëmme 50 m wäit a nëmme knapps 14 m héich geflu war, hat dat bewisen, datt dem Goddard seng Rakéitendreem Wirklechkeet kéinte ginn.

De 17. Juli 1929 huet de Goddard dunn déi éischt flëssegkeetsgedriwwe Rakéit mat enger wëssenschaftlecher Notzlaascht gestart. U Bord waren e Barometer, en Thermometer an eng Kamera. D'Rakéit hat eng Héicht vu 27 Meter erreecht. Duerch d'Geräisch beim Start krut hien deemools e puer Problemer mat den Administratiounen an e krut e Startverbuet fir seng Rakéiten am Massachusetts. Duerch déi folgend Zeitungsberichter gouf de Charles Lindbergh op de Goddard opmierksam an huet den Daniel Guggenheim dofir op seng Säit gezunn, fir d'Rakéiteversich z'ënnerstëtzen.

De Robert H. Goddard op engem US-amerikaneschen Timber (1964)

Vun Oktober 1930 un huet de Goddard zu Roswell geschafft an hat do mat sengem fënnefte Rakéitestart nei Beschtwäerter erreescht. D'Rakéit hat eng Héicht vu 610 Meter erreecht a war mat 800 km/h geflunn. Dobäi ass dem Goddard de Problem vun der Fluchstabiliséierung bewosst ginn.

No knapps dräi Joer Paus gouf den 8. Mäerz 1935 eng Rakéit gestart, déi als éischt mat enger Vitesse vun 1.125 km/h d'Schallmauer duerchbrach hat. Den 28. Mäerz 1935 huet hie mam Starte vu enger kreeselstabiliséierter Rakéit den Duerchbroch realiséiert. D'Rakéit hat eng Héicht vu 1.460 Meter erreecht a war bal 4000 Meter wäit geflunn.

De Goddard ass 1945 am Alter vun 63 Joer un Keelkappkribs gestuerwen.

Eréischt bei der Wéiderentwécklung vun de Rakéiten nom Zweete Weltkrich krut hien déi verdéngt Unerkennung – ënner anerem duerch den Numm vum Goddard Space Flight Center.

De Moundkrater Goddard ass och no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Goddard – Biller, Videoen oder Audiodateien