Infrastruktur

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Infrastruktur kann an zwou grouss Kategorien opgedeelt ginn, déi sech vun hirem Gebrauch an Zil hier vuneneen ënnerscheeden.

Militäresch Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

Zu de militäreschen Infrastrukture gehéieren all d'Installatiounen an territorial Organisatiounen, déi fir de Fonctionnement vun der Sträitmuecht vun engem Land néideg sinn. Dozou gehéiert den Opbau, den Ënnerhalt, d'Rekrutement an d'Instruktioun an den Arméien, grad sou wéi d'Kasären oder d'Base wéi Militärfluchhäfen a Schëffshäfen, déi ausschliisslech vun der Arméi, der Loftwaff oder der Krichsmarine gebraucht ginn.

Zivil Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

Zu den zivillen Infrastrukture vun engem Land gehéiere mat hiren Ënnerdeelungen all déi Installatiounen an Organisatiounen, déi näischt mam militäresche Beräich ze dinn hunn oder net exklusiv vun der Arméi benotzt ginn.

Dozou zielen an éischter Linn Infrastrukturen, déi wichteg si fir d'Economie, d'Gesondheet an d'alldeeglecht Liewen an engem Land, an déi op ideologeschen a politeschen Iwwerleeungen an Noutwennegkeete baséieren. Si vermësche sech am Prinzip mat villen techneschen, medezineschen, industriellen, oder och reliéisen Infrastrukturen.

Technesch Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stroossen
  • Eisebunnen
  • Waasserstroossen
  • Fluchhäfen

Industriell Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmelzen
  • Gaswierker
  • Raffinerien
  • Atomkraaftwierker

Medezinesch Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

  • Spideeler

Sportsinfrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stadionen
  • Vëlodromen

Reliéis Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kierchen
  • Pilgerplazen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Infrastruktur – Biller, Videoen oder Audiodateien