RATAN 600

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 43° 49’ 33’’ N 41° 35’ 11’’ O
Ee vun de konesche Sekundärreflektere vum RATAN-600 op engem Timber vum Joer 1987 aus der UdSSR

De RATAN 600 ass e Radioteleskop vun der russescher Wëssenschaftsakademie. Et ass dat Radioteleskop mat dem weltwäit gréissten Duerchmiesser an zënter 1974 a Betrib. Et steet um südleche Bord vun der Staniza Selentschukskaja (Republik Karatschai-Tscherkessien) am nërdleche Kaukasus, an der Géigend vum Selentschuk-Observatoire.

Opbau [änneren]

D'Teleskop besteet aus 895 Reflekterplacken an engem Krees vu 576 Meter Duerchmiesser, déi d'Signaler vun enger Quell op engem Punkt vum Himmel op bis zu dräi kegelfërmeg Sekundärreflektere spigelen. Vun do kënne si op ënnerschiddlech Empfänger mat Wellelängteberäicher tëschent 2 cm a 50 cm fokusséiert ginn. Duerch de groussen Duerchmiesser erreecht d'Teleskop eng ganz gutt Wénkelopléisung vun nëmmen 2 Bousekonne, awer op Käschte vun der Ofbildungsqualitéit. Méi héich Wénkelopléisungen erreechen nëmmen zesummegeschalte Radioteleskope wéi d'Very Large Array.

Um Spaweck [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie