Grote Reber

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Grote Reber

De Grote Reber, gebuer den 22. Dezember 1911, zu Wheaton bei Chicago/Illinois, USA, a gestuerwen den 20. Dezember 2002 an Tasmanien, Australien, war en US-amerikaneschen Astronom. Hie gehéiert zu de Pionéier vun der Radioastronomie an huet déi éischt Himmelsduerchmusterung am Radiofrequenzberäich duerchgefouert.

De Reber huet am Joer 1933 an der Noriichtentechnik am Armour Institute of Technology (spéider Illinois Institute of Technology) graduéiert.

Vun 1933 bis 1947 huet hien a verschiddene Radiosfabrécken zu Chicago geschafft. Vun 1933 un, beschäftegt hie sech mat Aarbechte vum Astronom Karl Jansky iwwer Teleskopen, déi héichfrequent Stralung detektéieren an huet beschloss, op deem Gebitt ze schaffen. Hien ass bei d'Bell Labs gaangen, wou de Jansky wärend der grousser Depressioun (amerikanesch Wirtschaftskris) beschäftegt war. Bis 1937 huet de Reber och nach un engem eegene Radioteleskop zu Wheaton bei Chicago gebaut.

Mat deem Teleskop duerchmustert hien de visuellen Himmel bei verschiddene Frequenzen am Radioberäich. Bis 1941 geléngt him déi vollstänneg Duerchmusterung, mat e puer Verbesserungen publizéiert hien 1943 seng Daten.

Bis an d'1950er Jore gouf den Héichenergieberäich ëmmer nach als Schwaarzkierperstralung gerechent, obschonns dem Reber seng Daten eppes anescht uweisen. Op Grond vum Reber senge Publikatiounen an de 1950er Joren expandéiert d'Gebitt vun der Radioastronomie an déi theoretesch Modeller goufe weiderentwéckelt. Déi meeschten Erkenntnesser vun der moderner Astronomie a Stralungs-Astrophysik wieren ouni dem Reber seng Initiativ net denkbar.

[änneren] Éierungen

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen