Iesel
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Iesel | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Ieselen zu Beeler - 11. Mee 2008 |
|||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Equus asinus Linnaeus |
|||||||||||||||||
Den Iesel ass en Hausdéier, dat weltwäit verbreet ass. Hie staamt vum afrikaneschen Iesel of a gouf eréischt virun 3000 Joer domestizéiert.
Dem Heng Klees no huet hie nach folgend Nimm: Esel, Laangouer. D'Ieselin resp. Eselin ass dee weiblechen Iesel. De Kéizeniesel ass en Iesel, deen zwéi Kierf dréit. Op Däitsch heescht d'Déier "Esel", op Franséisch "âne".
De Mauliesel (de.: Maultier; fr.: mulet) ass den Nokomme vun engem Iesel an enger Mier. De Contraire ass e Stäniesel resp. Tuerel (de.: Maulesel; fr.: bardot), den Nokomme vun engem Hengscht an enger Ieselin.
Mauliesele kënne keng Nokomme produzéieren, well si selwer schonns Hybride sinn. Si loosse sech méi einfach zille wéi Stänieselen, si méi zéi a ginn doduerch gären als Drodéieren agesat, kënnen awer och geridde ginn.
D'Symbol vun der Stad Dikrech ass den Iesel, dofir steet den Ieselsbur an der Groussgaass.
[änneren] Literatur
- Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
| Commons: Equus asinus – Biller, Videoen oder Audiodateien |