Beeler

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Beeler
An anere
Sproochen:
fr: Beiler
de: Beiler
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Klierf
Gemeng: Coat of arms weiswampach luxbrg.png Wäisswampech
Buergermeeschter: Henri Rinnen (DP)
Awunner Uertschaft: 95
(2005)
Koordinaten: 50° 09' 48" N
06° 05' 18" O
Uertschaften - Gemengen - Stied
Al Trakteren um Floumaart zu Beeler.

Beeler ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäisswampech.

Geographie [änneren]

Beeler läit am Norde vum Lëtzebuerger Land an ass eng Grenzuertschaft mat der Belsch. Seng Gewan grenzt am Westen an am Norde un déi belsch Uertschafte Malscheid a Lascheid. Ëstlech läit Leetem an am Süde Wäisswampech.

Den héchste Punkt vu Beeler ass um Béchel op 508 Meter wou och de Wasserbaseng steet, a seng déifste Plaz ass bei der Grenzmaark LBN 63 op 395 Meter. Bei dëser Maark leeft och d'Rillerbaach an d'Belsch eriwwer, eng Niewebaach vun der Feederbaach, déi bei Stubach an d'Our leeft.

Eng Niewebaach vun der Rillerbaach, déi no bei der Grenzmaark LBN 64 entspréngt, mécht d'Grenz mat der Belsch bis zum Zesummefloss mat Rillerbaach, a vun do un als Rillerbaach bis bei d'Mark LBN 63 wou se dann an d'Belsch lafen.

D'Schibech mécht d'Grenz mat der Gewan vu Wäisswampech, an d'Niddelburen maachen op enger Längt vu 700 Meter d'Grenz mat Leetem.

Soss Interessantes [änneren]

Beeler ass bekannt wéint sengem Floumaart am Mee, op deem Artisten a Sammler sech gesinn, besonnesch Amateure vun alen Trakteren.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Vue vun Osten op Beeler - 11. Mee 2008