Delta (Rakéit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Delta II, III an IV am Verglach (Delta I ass net um Bild)

D'Delta ass eng vun den erfolgräichsten US-amerikaneschen Drorakéiten. Si gouf vun der Entreprise Douglas Aircraft Company entwéckelt a war d'Grondstuf gouf d'Thor-Rakéit. Am Laf vun de Jore gouf d'Delta stänneg modifizéiert a vergréissert, sou datt déi haiteg Delta kaum nach den éischte Modeller gläicht. D'Startmass ass vu ronn 50 t am Joer 1960 op iwwer 700 t am Joer 2004 geklommen, d'Notzlaaschtkapazitéit fir de Geotransferorbit (kuerz GTO) ass am selwechten Zäitraum vun 130 kg op 13.130 kg geklommen. Nodeem d'Douglas Aircraft Company 1997 vu Boeing opkaf gouf, ginn d'Delta-Rakéite vu Boeing produzéiert a verkaf. Zanter 1960 gouf d'Delta méi wéi 300-mol gestart an huet dobäi eng Zouverléissegkeet vu 95 % erreecht.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Thor-Delta (Nr.11) start mat Telstar 1 (10. Juli 1962, Cape Canaveral)

Am Januar 1959 hat d'NASA der Douglas Aircraft Company eng Commande fir 12 Rakéite vu folgendem Typ ginn:

  • Stuf I: Modifizéiert Thor-IRBM mat engem Block-I-MB-3-Dreifwierk (676 kN Schub)
  • Stuf II: Modifizéiert Able (Delta genannt) mat engem Aerojet-AJ-10-118-Dreifwierk (34 kN Schub).
  • Stuf III: Altair mat engem ABL-X-248-Feststoffmotor (12 kN Schub)

D'Rakéit sollt eng Notzlaaschtkapazitéit vun 295 kg fir en niddregen Orbit a 45 kg fir e Geotransferorbit hunn a sollt eng Iwwerganksléisung fir 1960 an 61 sinn, ier aner, méi staark Rakéiten asazbereet wieren. Ausserdeem sollte mat der Rakéit nëmme wëssenschaftlech, meteorologesch a Kommunikatiounssatellitte gestart ginn. D'Rakéit krut den Numm Thor-Delta, spéider gouf se nëmmen nach Delta genannt, fir den net-militäresche Charakter vum Rakéiteprogramm z'ënnerscheeden. Vun den éischten 12 bestallte Rakéite waren der eelef erfollegräich, sou datt d'NASA sech entscheet huet, d'Delta weiderhin anzesetzen an huet scho virun 1962 nach 14 Rakéite bestallt.

Am Laf vun de Joren entstounge vill Versioune vun der Delta-Rakéit.

Delta I[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Fluch vun enger Thor-Delta war den 13. Mee 1960, bei deem de Satellit Echo 1 an de Weltraum gestart sollt ginn, wat leider e Feelschlag gi war. Awer schonn den zweete Fluch mat dem baugläiche Satellit Echo 1A war den 12. August 1960 erfollegräich. D'Rakéit krut den Numm Delta a gouf elo och dacks Delta I genannt.

Fréi Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Delta (Delta DM-19) – ass déi éischt Versioun vun der Thor-Delta, déi ee wéinst hirer Thor-DM-19-Éischtstuf och dacks Delta DM-19 genannt huet. Si hat eng Startmass vu 50 t a konnt 130 kg an e niddregen Orbit oder 45 kg an en Geotransfer-Orbit bréngen. Déi Versioun gouf am Ganzen 12-mol gestart, woubäi nëmmen ee Start e Feelschlag war.
  • Delta A – ënnerscheet sech vun der Delta DM-19 duerch eng modifizéiert Éischtstuf, déi e verbessert Dreifwierk krut, an elo d'Bezeechnung DM-21 krut. Déi zweet Stuf vun der Rakéit gouf och modifizéiert a krut doduerch d'Méiglechkeet vun enger Nozündung am Orbit. D'Startmass vun der Rakéit blouf praktesch dselwecht, d'Notzlaaschtkapazitéit ass op 181 kg eropgaangen fir eng niddreg Ëmlafbunn an op 54 kg fir de GTO. D'Delta A war nëmmen zweemol gestart, béid Starte waren erfollegräich. Den éischte Start war den 2. Oktober 1962.
  • Delta B – ënnerscheet sech vun der Delta A nëmmen duerch eng méi laang zweet Stuf, déi doduerch méi Dreifstoff ophuele konnt. D'Notzlaaschtkapazitéit war op 370 kg geklommen fir eng niddreg Ëmlafbunn an op 68 kg fir de GTO. D'Rakéit war néngmol gestart, ee Start war net erfollegräich. Den éischte Start war den 13. Dezember 1962 mam experimentelle Kommunikatiounssatellit Relay I.
  • Delta C – krut eng nei Altair-2-Drëttstuf, déi di al Altair 1 ersat huet. Donieft gouf et och eng Delta-C1-Versioun, déi eng FW-4D-Drëttstuf agesat hat. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta C war 410 kg fir en niddregen Orbit an 82 kg fir de GTO. D'Delta C (zesummen mat der C1) goufen am Ganze 16-mol gestart, woubäi et zwéi Feelstarte gouf. Den éischte Start war den 27. November 1963.
  • Delta D – ënnerscheet sech vun der Delta C duerch d'Ubrénge vun dräi Castor-I-Feststoffboosteren un déi éischt Stuf vun der Rakéit. Ausserdeem gouf d'Dreifwierk vun der éischter Stuf modifizéiert. D'Notzlaaschtkapazitéit war 450 kg fir en niddregen Orbit an 104 kg fir de GTO. D'Delta D gouf zweemol gestart, béid Asätz waren erfollegräich. Den éischte Start war de 19. August 1964.
  • Delta E – krut eng nei Drëttstuf, déi ongeféier duebel sou schwéier war wéi déi al. Zousätzlech gouf den Duerchmiesser vun der zweeter Stuf vergréissert, sou datt hir Tanke méi Dreifstoff faasse konnten. Ausserdeem goufen elo dräi Boostere vum Typ Castor II agesat, déi eppes méi staark ware wéi déi al Castor I. Och hei gouf et eng Delta-E1-Versioun mat enger FW-4D-Drëttstuf. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta E war elo op 750 kg fir eng niddreg Ëmafbunn geklomm an op 150 kg fir de GTO. D'Rakéit gouf 23-mol gestart, ee Start war net erfollegräich. Den éischte Start war de 6. November 1965.
  • Delta G – ass eng Delta E ouni déi drëtt Stuf, well si nëmme fir Starte vu Satellitten agesat gouf, mat niddreger Ëmlafbunn, woufir ee keng zousätzlech drëtt Stuf brauch. D'Notzlaaschtkapazitéit fir eng niddreg Ëmlafbunn war 735 kg. Den Delta G hat zwéin Asäz, béid waren erfollegräich. Den éischte Start war de 14. Dezember 1966.
  • Delta J – ass eng Delta E mat enger staarker Burner-2-Drëttstuf, déi ongeféier duebel sou grouss wéi déi al Altair 2 war. Delta J konnt 800 kg an en niddregen Orbit oder 263 kg an de GTO bréngen. D'Rakéit gouf nëmmen eemol gestart. De Start war erfollegräich de 4. Juli 1968.
  • Delta L – krut eng verlängerte Éischttstuf, déi elo 20 t méi schwéier war wéi déi al. Als drëtt Stuf gouf eng FW-4D-Stuf agesat. Doduerch war d'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta L op ongeféier 300 kg fir de GTO geklommen. Et gouf een erfollegräichen an ee Feelstart. Den éischte Start war de 27. August 1969.
  • Delta M – ënnerscheet sech vun der Delta L duerch den Asaz vun der Burner-2-Uewerstuf, déi scho bei der Delta J benotzt gouf. Ausserdeem gouf et eng Delta-M6-Versioun, bei där fir d'éischt sechs Castor-II-Feststoffboosteren agesat goufen. D'Notzlaaschtkapazitéit fir de GTO war 356 kg (454 kg bei der Delta M6). Et gouf am Ganzen 13 Starte vun der M-Versioun, dovu waren dräi Feelstarten. Den éischte Start war den 19. September 1968.
  • Delta N – ënnerscheet sech vun der Delta M nëmmen duerch d'Feele vun der drëtter Stuf, déi fir Starten an niddregen Orbiter, fir d'Delta N ausgeluecht war, net gebraucht gouf. Wéi bei der Delta M gouf et hei eng Delta-N6-Versioun, déi mat sechs Boosteren ausgerëscht war. D'Notzlaaschtkapazitéit fir en niddregen Orbit war 900 kg (1600 kg bei der Delta N6). Vun den néng Starte vun der N-Versioun war een net erfollegräich. Den éischte Start war den 16. August 1968.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Delta – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie