Ulysses (Sond)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Graphik vum Ulysses op der IUS PAM-S Uewerstufekombinatioun nom Aussetzen aus dem Space Shuttle
Den Ulysses beim Zesummebau

Den Ulysses ass eng de 6. Oktober 1990 ëm 11:47:16 UTC[1] gestarte Raumsond vun der europäescher Weltraumorganisatioun an der US-amerikanescher Loft- a Raumfaartagentur NASA zu der Fuerschung vun der Sonn. Den Haaptoptrag vun der Sond krut déi däitsch Dornier-System GmbH . D'Sond war bis den 29. Juni 2009 a Betrib.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks war jee eng US-amerikanesch an eng europäesch Sond ënner dem Aarbechtstitel International Solar Polar Mission (ISPM) fir déi gläichzäiteg Ënnersich vum Nord- a Südpol vun der Sonn geplangt. Duerch Budgetkierzunge gouf d'NASA-Sond awer 1981 gestrach. Dofir hunn d'Europäer der NASA d'Hallschent vun der Notzlaascht op der Ulysses zur Dispositioun gestallt – am Géigenzuch huet d'NASA fir de Start op engem Space Shuttle gesuergt, d'Radionuklidbatterie an d'Missiounsiwwerwaachung duerch de JPL mat dem Deep Space Network. Dofir ass d'Ulysses och primär als europäesch Missioun ze gesinn – d'Amerikaner goufen eréischt méi spéit "u Bord geholl".

De Start war fir Mee 1986 mat der Missioun STS-61-F op enger Centaur-Uewerstuf virgesinn, awer duerch den Ofstuerz vun der Raumfär Challenger den 28. Januar 1986 war de Start dunn op de 6. Oktober 1990 gerutscht a gouf mat der Missioun STS-41 op enger IUS/PAM-S-Uewerstufekombinatioun duerchgefouert.

Den Ulysses gouf mat 15,4 km/s a seng Fluchtbunn zum Jupiter ausgesat. Déi héich Fluchtvitesse war néideg, well den Ulysses d'Jupiterbunn an engem relativ grousse Wénkel huet misse schneiden, well ei mat engem Fly-y-Manöver vum Jupiter an eng polar Sonnenëmlafbunn ëmdirigéiert konnt ginn.[2] Domat hat en d'Äerd mat der zweethéchster jee vun enger Raumsond erreechter Vitesse verlooss. (Den aktuelle Rekord hält d'Raumsond New Horizons mat 16,21 km/s.)

D'Liewesdauer vun der Sond gouf ufanks fir eng Missioun vu fënnef Joer ausgeluecht, déi si aber bei wäitem iwwerschratt hat.

Den 29. Juni 2009 gouf d'Ulysses-Missioun wéinst net genuch Bordenergie offiziell agestallt. D'Sond ëmkreest weider d'Sonn.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Ulysses mat Beschrëftung
Déi wëssenschaftlech Instrumenter op engem Schnëttbild

Den Ulysses ass no dem englesche Wuert fir de griicheschen Soenheld Odysseus genannt.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Zäitpunkt Evenement
6. Oktober 1990 De Start u Bord vum Space Shuttle Discovery (Missioun STS-41) war.
8. Februar 1992 De Laanschtfluch beim Jupiter war op enger Distanz vu 450.000 Kilometer. Dobäi gouf d'Sond aus
dem Ekliptikniveau geschleidert a koum an eng polar Sonnenëmlafbunn.
1992 bis 1998 D'Sond hat hiren éischten Ëmlaf ëm d'Sonn. De Südpol vun der Sonn huet den Ulysses 1994 erfuerscht,
an den Nordpol 1995. De (Perihel) war 1,35 AE (ronn 200 Millioune Kilometer).
1998 bis 2003 Nom Passage vun der Jupiterbunn koum den zweeten Ëmlaf ëm d'Sonn mat dem nooste Rendez-vous
mam Sonnesüdpol an de Joren 2000-2001 a mam Nordpol am Joer 2001.
2003 Den Ulysses passéiert nees d'Jupiterbunn a fänkt säin drëtten Ëmlaf un. D'Missioun geet virun.
Februar 2004 D'Finanzéierung vun der Missioun gëtt bis Mäerz 2008 verlängert.
November 2007 D'Missioun gëtt ëm e weidert Joer bis Mäerz 2009 verlängert.
Februar 2008 D'Missioun erreecht wéinst feelender Energie hiert Enn. Doduerch steet net genuch Energie
fir d'Hëtze vun den Dreifstoffleitungen zur Dispositioun. Wann de Sonnenofstand vum Ulysses méi grouss
gëtt zouhëlt, fréiert bei 2 °C den Hydrazin. Aktuell gëtt dëst Problem mat Zünde vun den Dreifwierker all zwou
Stonnen ëmgaangen, wat awer spéitstens am September 2008 duerch Dreifstoffmangel onméiglech gëtt.
12. Juni 2008 D'ESA an d'NASA gi bekannt, datt d'Missioun vum Ulysses den 1. Juli 2008 eriwwer ass.[3]
6. August 2008 D'Missioun geet virleefeg weider, well den Hydrazin nach net gefruer ass.[4]
13. Mäerz 2009 Ulysses huet ëmmer nach Hydrazin iwwreg. Am Ament kann d'Sond souguer nees mat 1024 bps senden.[5]
29. Juni 2009 Ofschalte vun der Sond, Enn vun der Missioun.[6]

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonnenëmlafbunn vum Ulysses. Zäitdonnéeën fir den zweeten Ëmlaf.
  • Ulysses zielt zu de beschte Missiounen an der europäescher Raumfaartgeschicht.
  • Déi wëssenschaftlech Missioun vun Ulysses ëmfaasst ënner anerem d'Sonnekorona, de Sonnewand, d'Sonnemagnéitfeld, solar Plasmawellen, kosmesch Stralen, a vill Miessungen beim Jupiterlaanschtfluch 1992.
  • Den Ulysses war déi éischt Sond, déi eng polar Sonnenëmlafbunn hat. Ausserdeem war si mat dem Jupiter-Laanschtfluch déi éischt net-amerikanesch Sond am baussegte Sonnesystem.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Gréisst: 3,2 x 3,3 x 2,1 m
  • Mass: 366,7 kg; dovun 55,1 kg wëssenschaftlech Instrumenter an 33,5 kg Dreifstoff
  • Energiequell: Thermoelektreschen Radioisotopengenerator (RTG)
  • Instrumenter: Moossinstrumenter fir d'Ënnersich vum Sonnewand, Magnéitfeld, Deelchenstralung, Radio-, Röntgen- a Gammastralung
  • Undriff a Steierung: Transport an den Äerdorbit mam Space Shuttle; IUS-PAM-S-Rakéitekombinatioun fir de Start aus dem Orbit; Manövréierdreifwierker mat Hydrazin als Dreifstoff
  • Dateniwwerdroung: Kommunikatiounsanlagen an Antennen am X-Band (60 Watt) an S-Band

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ulysses – Biller, Videoen oder Audiodateien


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (1977–1997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]