Guyane

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséischen iwwerséischen Besëtztum Guyane a Südamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Guyane (Homonymie).
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Guyane française
Franséisch-Guayane
Fändel vu Frankräich
Fändel vu Frankräich
Blason de la Guyane.svg
Wope vu Franséisch-Guyane
Basisdaten
Offiziell Sprooch Franséisch
Haaptuert Cayenne
Fläch 86.504 km²
Awunnerzuel 195.506 (2005)
Bevölkerungsdicht 2,26 Einwohner pro km²
Arrondissementer 2
Kantonen 19
Gemengen 22
Prefekt Jean-Pierre Laflaquière
President vum Regionalrot Antoine Karam
President vum Generalrot Pierre Désert
Währung Euro (€) 1 Euro = 100 Cent
Zäitzon UTC – 3 h
Internet-TLD .gf
Internationale Postcode +594
Kaart
Positioun vu Franséisch-Guayana a Südamerika

Franséisch-Guayane (och Franséisch-Guyana, franséisch Guyane française [gɥiˌjanfʀɑ̃ˈsɛːz] oder Guyane) ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich, am Norden vu Südamerika um Atlanteschen Ozean tëscht Brasilien a Suriname bei 4° nërdlecher Breet a 53° westlecher Längt.

Franséisch-Guayana ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert och domat zur Europäescher Unioun.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Den Departement huet eng Fläch vu 86.504 km² an ass domat ongeféier sou grouss wéi Éisträich. En huet eng 378 Kilometer lang Küst um Atlantik, 730 Kilometer Grenz mat Brasilien [1] a 510 Kilometer mat Suriname.

De Floss Oyapock bilt d'Grenz mat Brasilien

Den héchste Punkt ass de Mont Bellevue mat 850 m iwwer dem Mier. Am Süden vum Land erstreckt sech eng kleng Mëttelgebiergsketten mat maximalen Héichten ëm 800 m, de Massif Tabulaire. Déi wichtegst Flëss si vu Westen no Osten de Maroni, deen d'Grenz mat Suriname mécht, de Sinnamary, den Approuague a den Oyapock, deen op der Grenz mat Brasilien ass.

Franséisch-Guayana huet dat gréisste zesummenhängend Bëschgebitt vu Frankräich a vun der Europäescher Unioun. 90 % vum Land si mat tropesche Reebëscher bedeckt. De wäitaus gréissten Deel vu der Bevëlkerung lieft un der Küst, wou déi gréissten Agglomeratioune sinn.

Loftbild vu der Haaptstad Cayenne

[änneren] Wichtegst Stied

[änneren] Referenzen

[änneren] Um Spaweck

Commons: French Guiana – Biller, Videoen oder Audiodateien


Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen