Departement Orne
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Departement Orne. Fir de Floss, kuckt w.e.g. Orne (Floss). |
|
|
|
|---|---|
| Regioun | |
| Prefektur | |
| Ënnerprefektur | {{{Ënnerprefektur}}} |
| Bevëlkerung | 292 609 Aw.(2007) |
| Fläch | 6 103 km² |
| Arrondissementer | 3 |
| Kantoner | 40 |
| Interkommunalitéiten | 41 |
| Gemengen | 505 |
D'Orne ass e franséischt Departement an der Regioun Basse-Normandie. Et huet säin Numm vum Floss Orne.
D'Orne ass ee vun den 83 franséischen Departementer déi de 4. Mäerz 1790 gegrënnt goufen. De gréissten Deel vum Territoire huet virdrun zum Herzogtum Normandie an dem Herzogtum Alençon gehéiert. De südëstlechen Deel koum vun der Grofschaft Perche.
Vu Juni 1815 bis November 1818 war d'Orne, no der Néierlag vum Napoléon, vu preiseschen Truppe besat.
Mat den Departementer Calvados a Manche gehéiert d'Orne zu der Regioun Basse-Normandie. Ronderëm leie Calvados, am Westen d'Manche am Süden d'Mayenne an d'Sarthe (Pays de la Loire), am Südosten d'Eure-et-Loir (Centre) an am Nordosten d'Eure (Haute-Normandie).
De Weste vum Departement ass en Deel vum Bocage normand. Den Zentrum ass flaacht Land, wou Fruucht ugbaut gëtt (d'Campagne d'Argentan an d'Campagne d'Alençon). Am Zentrum an am Nordoste bedeckt de südleche Pays d'Auge d'Departement. Am Nordosten ass de Pays d'Ouche deen an der Eure virugeet. Am Osten a Südosten erstreckt sech d'Perche mat senge Bëscher.
Et ginn zwéi regional Naturparken: De Parc naturel régional du Perche an de Parc naturel régional Normandie-Maine. Héchste Punkt am Departement ass de Signal d'Écouves (417 m).
D'Orne ass bekannt fir seng Päerdsziichtereien.
Typesche Kascht vun do ass ë. a.:
an och verschidde Charcuterien (Träipen) a Patisserien.
Um Spaweck [änneren]
Kuckt och [änneren]
- Arrondissementer am Departement Orne
- Kantonen am Departement Orne
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Orne
| Commons: Orne (department) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
Landschaft vum Domfrontais
-
D'Stad L'Aigle
-
D'Thermalbad Bagnoles-de-l'Orne
-
D'Orne zu Putanges-Pont-Écrepin
-
La Roche d'Oëtre, an der Suisse normande
-
Saint-Céneri-le-Gérei, e schéint Duerf
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion · 976 Mayotte