Träipen
Träipen ass déi lëtzebuergesch Variant vun der Bluttwurscht, déi gebrode gëtt.
Den Numm [änneren]
- am Engleschen: Black Pudding
- am Franséischen: boudin noir
- am Spueneschen: morcilla
Wat ass dran? [änneren]
E wéineg Fleesch vum Schwäin, haaptsächlech Ënnerreien, déi gemuel sinn. Da kënnt wäisse Kabes, reng gerappt, Miel a Schwengsblutt derbäi. Typesch Gewierzer si Bounekräitchen a ganz e wéineg Kümmel.
Träipen zu Lëtzebuerg [änneren]
Rezepter fir Träipe gëtt et souvill wéi Bauerefamilljen déi selwer geschluecht hunn. Dobäi gëtt et eng Fauschtregel: 1/3 Fleesch mat Fett; 1/3 Geméis an 1/3 Schwéngsblutt. Gewierzer aus dem Land ginn éischter gebraucht wéi Kümmel an aner Exoten.
Träipe goufen traditionell an de Wanterméint giess. Dëst spigelt sech nach haut an der sougenannter Träipenzäit erëm, déi op Allerhellgen ufänkt a mam Buergbrennen ophält.
An der Zäit war et Brauch no de Chrëschtmetten Träipen iessen ze goen. A verschiddenen Uertschaften am Land war et och Brauch, datt no de Metten, an de Wiertschaften d'Stackclientèle no der Mass Träipe gratis zervéiert krut.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Träipen – Biller, Videoen oder Audiodateien |