Departement Ain

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ain (01)
Logo 01 ain.png
Ain-Position.svg
Regioun Rhône-Alpes
Prefecture Bourg-en-Bresse
Ënnerprefecture Belley
Gex
Nantua
Bevëlkerung 515 270 Aw.(1999)
Fläch 5 762 km²
Arrondissementer 4
Kantoner 43
Interkommunalitéiten 38
Gemengen 419
Wope vum Ain

Den Ain (01) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Floss mat deemselwechten Numm hirhuet. Et gehéiert zur Regioun Rhône-Alpes

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

D'Departement Ain ass ee vun den 83 Departementer déi während der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. E gouf zesummegesat aus de véier Provënzen, Bresse, Bugey, Dombes, Pays de Gex, an aus engem Deel vun der Provënz Franc-Lyonnais.

De Pays de Gex gouf eng Zäitchen ofgetrennt an zwar vu 1798 bis 1814, wéi den Département du Léman gegrënnt gouf.

Sechs Gemengen am Südweste vum Departement, déi un de Stadrand vu Lyon gestouss hunn, goufen 1967 bei der Grënnung vun der Communauté urbaine de Lyon un de Rhône ugeschloss.

[änneren] Geographie

Den Ain ass characteriséiert duerch :

  • Am Westen déi flach Géigende vun der Bresse , de breeden Dall vum Ain an de Val de Saône, an duerno nach de niddrege Plateau vun der Dombes mat Ausnam vum Revermont, deen déi éischt Koppe vum Jura uweist.
  • Am Osten de Pays de Gex an de Bugey deen aus Däller, Bierger a Clusë besteet. Den héichste Bierg vum Jura a vum Departement ass de Crêt de la Neige mat 1.720 m.

[änneren] Landwirtschaft

Obschonns landwirtschaftlech Aktivitéiten net méi d’Iwwerhand hunn, fënnt en do awer nach gutt a bekannte Produkter :

[änneren] Industrie

Am Ain fënnt en haaptsächlech Mëttelindustrie mat Spezialgebidder wéi Autosbau an zu Oyonnax d’Plasturgie.

[änneren] Aner Aktivitéiten

Bourg-en-Bresse ass eng Adminstratiounsstad an de Sëtz vun enger Universitéit déi vun där vu Lyon afhänkt.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck


Commons: Ain – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen