Robert Grant Aitken

Vu Wikipedia
Robert Grant Aitken
Gebuer 31. Dezember 1864
Jackson
Gestuerwen 29. Oktober 1951
Berkeley
Nationalitéit USA
Educatioun Williams College
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences

De Robert Grant Aitken, gebuer den 31. Dezember 1864 zu Jackson, Kalifornien, USA, gestuerwen den 29. Oktober 1951 zu Berkeley, USA, war en US-amerikaneschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1895 an 1935 huet den R.G. Aitken am Lick-Observatoire a Kalifornien geschafft a gouf do Direkter vum Joer 1930 bis 1935.

Hie war spezialiséiert op d'Observatioun vun Duebelstären, vun deenen hien 3.100 nei Koppelen entdeckt hat. Am Joer 1923 huet hien ee schwaache Begleeder vum der Mira entdeckt. Säin Haaptwierk, dat hien zesumme mam W. J. Hussey opgestallt hat, ass den zweebännegen "New General Catalogue of Double Stars within 120 degrees of the North Pole". Am Katalog sinn Informatiounen iwwer 17.180 Duebelstären, an e gouf am Joer 1932 publizéiert. Eng zweet wichteg Publikatioun war "The Binary Stars" vun 1918 (zweet vergréissert Editioun 1935).

Nieft senge Publikatiounen huet hien och d'Bunne vu Koméiten, Mounden an Asteroide vermooss a berechent.

Am Joer 1932 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. En Asteroid (Nr. 3070) an e Moundkrater op der Récksäit vum Äerdmound sinn no him genannt ginn.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Aitken, R. G. "Life on Other Worlds," Journal of the Royal Astronomical Society of Canada, 5, 291 (1911)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tenn, Joseph S., “Robert G. Aitken, the Twenty-First Bruce Medalist,” Mercury 22, 6, 20 (1993)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]