VY Canis Majoris
De VY Canis Majoris (VY CMa) ass ee rouden Iwwerris. Dëse Stär ass ee vun der Lëscht vun de gréisste Stären.
D'Roberta M. Humphreys (2006) huet de Radius vun VY CMa op dat 1800- bis 2100-fach vum Sonneradius errechent. Géif eis Sonn duerch esou ee Stär ersat ginn, da géif seng Uewerfläch nach bis iwwert d'Ëmlafbunn vum Saturn reechen.
Et gëtt zwou ënnerschiddlech Meenungen fir d'Zouuerdnung vum VY CMa. Déi eng Fuerscher (souwéi d'Roberta M. Humphreys's an hirer Aarbecht [1]) mengen, datt de Stär e ganz groussen an helle roude Iwwerris ass. Anerer (esou d'Ënnersich vu Massey, Levesque a Plez [2]) kommen zum Resultat, datt de VY nëmmen en normale roude Ris ass.
D'Distanz zu der Aerd ass ongeféier 1500 Parsec (5000 Liichtjoren).
Den Nummdeel „VY“ kënnt vun der Regel déi bei den Nimm vu verännerleche Stäre gebraucht gëtt, an no där de VY Canis Majoris den 43te verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Groussen Hond entdeckt gouf.
Quellen [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) VY Canis Majoris: The Astrophysical Basis of Its Luminosity
- (en) Bringing VY Canis Majoris Down to Size: An Improved Determination of Its Effective Temperature
| Commons: VY Canis Majoris – Biller, Videoen oder Audiodateien |