Horologium (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Horologium
Lëtzebuergeschen Numm Pendelauer
Laténgeschen Numm Horologium
Laténgesche Geenitiv Horologii
Laténgesch Ofkierzung Hor
Positioun um südlechen Himmel
Rektaszensioun 2h 12m bis 4h 20m
Deklinatioun -67° 2' bis -39° 38'
Fläch 249 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 20° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Hor
3,85m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Eridanus
Hydrus
Reticulum
Dorado
Caelum
Kaart vum Stärebildes Horologium

D'Pendelauer, laténgesch Horologium ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Pendelauer ass en onschäinbart Stärebild, dat aus enger Kette vu liichtschwaache Stäre besteet. Nëmmen een ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. D'Stärebid ass westlech vum helle Stär Achernar ze fannen, dem südlechste Stär vum Stärebild Eridanus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille ënner dem Numm Horologium Oscillitorium agefouert.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3,85m 200 K1 III
δ 4,93m
R 4,7 bis 14,3m 500 M7 III
β 4,98m
μ 5,12m
ζ 5,21m
ν 5,25m
η 5,30m
μ 5,36m
ι 5,40m 50 G0 V
γ 5,73m

Den α Horologii läit 200 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K1 III.

Den ι Horologii ass 50 Liichtjoer wäit ewech. Am Joer 1998 gouf beim Stär een Exoplanéit entdeckt.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
R Hor 4,7m bis 14,3m 405 Deeg Mira-Stär

Den R Horologii ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, dee seng Hellegkeet wärend engem Zäitraum vu 405 Deeg staark verännert. Wärend dem Maximums kann hie mat bloussem A als roude Stär gesi ginn. Beim Minimums brauch ee schonn e staarkt Teleskop. Den R Hor ass ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu gehört der Spektralklass M7 III.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC dibers Gréisst Typ Numm
1261 10,3m Kugelstärekoup
7410 9,9m Galaxis

An der Pendelauer ass de Kugelstärekoup NGC 1261 an d'Galaxis NGC 1433.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Horologium – Biller, Videoen oder Audiodateien