Superkoup

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Galaxië ronderëm de Virgo-Galaxiëkoup.

Als Superkoup bezeechent een eng vun deene gréisste Strukturen, déi een am Universum gesi kann. Si setzt sech aus ville Galaxiëkéip an de verbonnenen Filamenter zesummen.

Struktur an Uerdnung am Universum[änneren | Quelltext änneren]

Eng groussraimeg Betruechtung vum Universum weist, datt d'Galaxien net gläich verdeelt sinn, mä datt d'Universum eng schaum- oder wabenaarteg Struktur huet. Dat Bannenzegt vun de Waben entsprécht dobäi riseg eidele Raim am Weltraum, déi sougenannt Voids. D'Galaxië gruppéiere sech – wéinst hirer géigesäitiger gravitativer Unzéiung – zu Galaxiëkéip ëm déi eidel Raim a maache souzesoen d'Wänn vun de Waben.

An de Schnëttberäicher tëscht de Waben ass d'Galaxiëkéip-Dicht dofir méi héich an do forméiere sech méi dicht Usammlunge vu Stäresystemer, déi sougenannt Superkéip. Dës formen nieft de Filamenter déi gréisst bis elo entdeckte Strukturen am Weltall. Si kënnen eng Ausdehnung vun etlechen honnert Millioune Liichtjoer erreechen an aus villen zigdausend Galaxië bestoen. D'Wëssen iwwer d'Superkéip ass allerdéngs nach zimlech begrenzt, sou ass z. B. nach net kloer, ob d'Superkéip eleng duerch Gravitatioun zesummegehale ginn, oder ob si sech aus anere Virgäng gruppéiert hunn. Den Afloss vun donkeler Matière, déi och eng Roll spille kann, ass am Ament Géigestand vu weidere Fuerschungen. Et kann ugeholl ginn, datt déi donkel Matière (ongeféier 74% vun aller Matière am Universum) een däitlech héijen Afloss op d'Bildung vu Superkéip huet, wéi bis elo ugeholl gouf.

Bekannt Superkéip[änneren | Quelltext änneren]

Och eis Mëllechstrooss ass Deel vun engem Superkoup, nämlech vum Virgo-Superkoup (och Lokale Superkoup genannt), vun deem Virgo-Galaxiëkoup den Zentrum mécht. Zum Lokale Superkoup zielen nieft der Lokaler Grupp déi vill Galaxiëgruppen an eiser kosmescher Noperschaft, wéi d'M81-Grupp an d'Sculptor-Grupp, déi déi meescht hell Galaxien huet.

Bekannt ass och dee wiesentlech gréisseren, awer sechsmol méi wäite Coma-Superkoup, an deem déi sougenannt "Grouss Mauer" (engl. Great Wall) läit. Dee gewaltegste Superkoup ass a Richtung Stärebild Horologium; ee weideren ass deen nom Astronom Harlow Shapley genannten, an de sougenannte Groussen Attrakter. Ënnersich vun eiser Ëmgéigend bis zu enger Routverrécklung vu z=0,1 (bal 1,5 Milliarde Liichtjoer) huet ongeféier 130 Superkéip erginn.[1] Déi gréisst Superkéip an eiser Géigend sinn dobäi an der uschléissender Tabell opgefouert, woubäi "Gréisst" d'Zuel vun de Galaxiëkéip ugëtt, aus deenen de Superkoup besteet:

Numm Distanz
(Mio. LJ)
Gréisst
Horologium-Reticulum 900 32
Shapley-Superkoup 660 25
Pisces-Cetus 914 17
Bootes 1033 12
Aquarius 1327 12
Cetus A 1400 11
Corona Borealis 1084 10
Herkules-Superkoup 529 10
Aquarius-Cetus 852 8
Grus-Indus 1113 8
Leo 479 8
Lepus 587 8
Aquarius A 1171 6
Pegasus-Pisces B 961 6
Hydra-Centaurus-Superkoup 210 6
Aquarius-Capricornus 1240 5
Perseus-Pisces A 1334 4
Perseus-Pegasus A 613 4
Perseus 276 3
Sextans 1323 3
Ursa Majoris 1100 3
Perseus-Pegasus B 461 2
Coma-Superkoup 300 2

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Einasto, M.; Einasto, J.; Tago, E.; Dalton, G. B.; Andernach, H. The Structure of the Universe Traced by Rich Clusters of Galaxies R.A.S. MONTHLY NOTICES V.269, NO. 2/JUL15, P. 301, 1994