Harlow Shapley

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Shapley

Den Harlow Shapley, gebuer den 2. November 1885 zu Nashville, Tennessee, gestuerwen den 20. Oktober 1972 zu Boulder, Colorado, war en US-amerikaneschen Astronom.

Vun 1914 un huet hien um Mount Wilson-Observatoire geschafft, a vun 1921 bis 1952 war hien Direkter vum Harvard College Observatoire.

De Shapley huet duerch ënnersiche vu verännerleche Stäre vum Typ Cepheiden a vun de Kugelstärekéip, fir d'éischt d'Gréisst vun der Mëllechstrooss bestëmmt.

Am Joer 1915 formuléiert hien d'„Big Galaxy“-Hypothese, no där d'Mëllechstrooss déi eenzeg Galaxis am Universum ass an datt déi bis dohi bekannt Galaxien (oder „Niwwelen“ nom deemolege Sproochgebrauch) bannent der Mëllechstrooss leien. D'Antithes, d'„Weltinseltheorie“, no där d'Mëllechstrooss nëmmen eng vu ville Galaxien ass, gouf vum Heber Doust Curtis formuléiert. Déi Ausenanersetzung gëtt an der Astronomie déi „grouss Debatt“ genannt, a gouf ëm 1923 vum Edwin Hubble zugonschte vun der Weltinseltheorie bestëmmt.

De Shapley goung dobäi vun enger feelerhafter Norméierung vun der Periode-Liichtkraaft-Bezéiung vun den Cepheiden aus, wouduerch hien d'Gréisst vun der Mëllechstrooss ëm dat dräifacht iwwerschat hat (300.000 Liichtjoer amplaz 100.000 Liichtjoer). Des Weidere war him d'Altersdifferenz vun de Stärepopulatiounen net bekannt, sou datt hien d'Differenz zu der klenger Magellanescher Wollek an zum Andromedaniwwel ënnerschat huet. Éischt Norméierunge vun der Period-Liichtkraaft-Bezéiung stame vum däneschen Astronom Ejnar Hertzsprung.

De Shapley ënnersicht Galaxiëkéip a mécht Distanzbestëmmunge vu Stäre mat Hëllef vun der Photometrie.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]