Grouss Mauer (Astronomie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Déi Grouss Mauer ass e Filament an ass – no der Sloan Great Wall – déi zweetgréisst zesummenhängend Struktur am Universum, e grousse Superkoup. Den Zentrum vun der Grousser Mauer ass de Coma-Superkoup.

Déi Struktur ass d'Begrenzung vun engem Void a gouf 1989 vun der Margaret Geller an John Huchra duerch laangwiereg, systematesch Duerchmiessung vun der Routverréckung vun der Spektrallinn entdeckt. Si läit 200 Mio. Liichtjoer ewech a Richtung vum Stärebild Virgo, ass 500 Mio. Lj. laang – ongeféier parallel zu der nërdlecher Kant vun der galaktescher Scheif vun der Mëllechstrooss – nëmme 15 Mio. Lj. déck a mind. 300 Mio. Lj. héich. D'Héicht ka méiglecherweis nach méi grouss sinn, awer d'Siicht ass duerch d'Extinktioun vun der Mëllechstrooss no Süde begrenzt. D'Sloan Great Wall ass deemgéigeniwwer mat ronn 1,4 Mrd. Liichtjoer Längt bal dräimol sou grouss.

An der Grousser Mauer leien d'Galaxiëkéip Abell 2151 (Hercules-Galaxiëkoup), 1656 (Coma-Koup) an 1367 (Leo-Galaxiëkoup). Si beweegt sech genee sou wéi de Virgo-Superkoup, zu deem och eis Lokal Grupp gehéiert, mat zirka 600 km/s a Richtung Hydra-Centaurus-Superkoup, an all zesumme beweege sech mat ähnlecher Vitesse zum 1990 entdeckte Groussen Attrakter an 200 Mio. Lj. Distanz, a Richtung vum Norma-Galaxiëkoup am Stärebild Norma, südlech vum Scorpius.

D'Gravitatioun vun der normaler (baryonescher) Matière wier ze schwaach, fir d'Schafe vun sou grousse Strukturen z'erklären. Awer mat Abezéie vun der Donkeler Matière, déi no dem Lambda-CDM-Modell, dem Standardmodell vun der Kosmologie, iwwer 80 % vun der Gesamtmatière mécht, ergëtt sech eng gutt Iwwereneestëmmung mat der Theorie. Computersimulatioune vun der Strukturbildung ergi Groussstrukturen déi der Grousser Mauer gläichen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]