Sloan Great Wall

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Sloan Great Wall an enger DTFE Rekonstruktioun vun de bannenzegten Deeler vum 2dF Galaxy Redshift Survey.

D'Sloan Great Wall ass eng gigantesch Mauer aus Galaxien a stellt déi gréisst bekannt zesummenhängend Struktur am Universum duer. Si gouf duerch d'Date vum Sloan Digital Sky Survey am Joer 2003 entdeckt[1]. D'Struktur ass bal dräimol sou grouss wéi d'astronomesch Grouss Mauer an huet eng Längt vu ronn 1,37 Mrd. Liichtjoer. [2] Si ass ronn eng Milliard Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

D'Sloan Great Wall ass net gravitativ gebonnen, sou datt si keen „Objet“ am eigentleche Sënn duerstellt. Villméi handelt et sech ëm eng koherent Glidderung vu Galaxien, déi an der Zukunft zu ville gravitativ gebonnene Galaxiëkéip kollabéiere wäerten. Déi gréisste bekannte „echt“ Struktur am Universum gouf am Juli 2006 duerch d'Subaru-Teleskop entdeckt; dës ass awer vill méi kleng wéi d’Sloan Great Wall.[3]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. J. R. Gott III et al., Astrophys. J., 624, 463 (2005).
  2. Kenneth R. Lang: A Companion to Astronomy and Astrophysics. Chronology and Glossary with Data Tables, Springer, 2006, S. 103
  3. http://www.spacedaily.com/reports/Subaru_Telescope_Spots_Largest_Structure_In_The_Universe_999.html