Crater (Stärebild)
| center>Date vum Stärebild Crater | |
|---|---|
| Lëtzebuerger Numm | Becher |
| Laténgeschen Numm | Crater |
| Laténgesche Genitiv | Crateris |
| Laténgesch Ofkierzung | Crt |
| Positioun | um Himmelsequator |
| Rektaszensioun | 10h 51m bis 11h 56m |
| Deklinatioun | -6°40' bis -25°10' |
| Fläch | 282 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 65° Nord bis -90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
| Zuel vu Stären mat Gréisst < 3m |
keng |
| Hellste Stär, Gréisst |
δ Crateris, 3,56m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Leo Sextans Hydra Corvus Virgo |
De Becher (Latäin: Crater) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Beschreiwung
De Crater ass e klengt Stärebild nërdlech vun der Hydra (Waasserschlaang). D'Stärebild besteet aus enger onschäinbarer Grupp vu Stären ëm déi 4. Gréissteklass.
Déi bescht Zäit fir eng Observatioun sinn d'Méint Mäerz bis Mee.
[änneren] Geschicht
De Crater gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker Astronomie, déi schonns dem Ptolemäus bekannt waren.
Am Ufank vum 17. Joerhonnert huet een am Stärebild de „Kelch vum Leed Christus“ gesinn. Déi Bezeechnung huet sech allerdéngs net duerchgesat.
[änneren] Himmelsobjeten
[änneren] Stären
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| δ | 12 | Labr | 3,57m | 90 | G8 III |
| α | 7 | Alkes | 4,08m | 174 | K0 III |
| γ | 15 | 4,08m | 84 | A5 V | |
| β | 11 | Al Shara | 4,46m | 200 | A2 III |
| θ | 21 | 4,46m | |||
| ζ | 27 | 4,71m | |||
| ε | 14 | 4,81m | |||
| 17 | 4,93m | ||||
| λ | 13 | 5,08m | |||
| η | 30 | 5,17m | |||
| 31 | 5,28m | ||||
| ι | 24 | 5,49m | |||
| κ | 16 | 5,93m | |||
| ψ | 6,11m |
Den δ Crateris ass den hellste Stär am Crater. Hie läit 90 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht giel a gehéiert zu der Spektralklass K0.
Den zweethellste Stär, den α Crateris, ass 174 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Säin Numm „Alkes” ass arabesch a bedeit „Krou“.
[änneren] Duebelstären
| System | Gréisst | Ofstand |
|---|---|---|
| γ | 4,08m/9,6m | 52" |
| 17 | 4,93m/5,64m |
Den γ Crateris ass en Duebelstäresystem, dee 84 Liichtjoer wäit ewech läit.
[änneren] Verännerlech Stären
| Objet | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| R | 9,8 bis 11,2m | 160 Deeg | onregelméissig Verännerlecher |
| SV | 6,14m |
Den R Crateris ass en hallefregelméissege verännerleche Stär vun der Spektralklass M7. Seng Hellegkeet schwankt an engem Zäitraum vun 160 Deeg tëschent 9,8 bis 11,2 m.
Den SV Crateris huet d'Bezeechnungen Gliese 425 oder Abts Stär. Mat enger Distanz vu 44 Liichtjoer gehéiert hien zu der Noperschaft vun eiser Sonn.
[änneren] Messier- an NGC-Objeten
| Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 3511 | 12m | Galaxis | |||
| 3887 | 11m | Galaxis | |||
| 3981 | 12m | Galaxis |
Am Crater sinn dräi Galaxien, déi schonns mat einfachen Teleskopen ze gesi sinn.
Den NGC 3511 ass eng Spiralgalaxis vum Typ SBbc, déi mer op hir Säitekant gesinn. Si gehéiert zum Galaxiëkoup Abell 1060. Hir Ausdeenung um Himmel ass 4 x 1 Bouminutt.
Den NGC 3887 ass eng Balkespiralgalaxis vum Typ SBc mat engem Duerchmiesser vun 3,5 Bouminutten.
Den NGC 3981 ass eng Galaxis vum Typ SBbc. D'Galaxis gouf am Joer 1785 vum Wilhelm Herschel entdeckt.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Crater (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |