Corvus (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuerger Numm | Kueb |
| Laténgeschen Numm | Corvus |
| Laténgesche Genitiv | Corvi |
| Laténgesch Ofkierzung | Crv |
| Positioun | Himmelsequator |
| Rektaszensioun | 11 56m bis 12h 56m |
| Deklinatioun | -11°40' bis 25°10' |
| Fläch | 184 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 65° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
| Zuel vun de Stären mat Gréisst < 3m |
4 |
| Hellste Stär, Gréisst |
γ Corvi (Gienah), 2,59m |
| Meteorstréim | Corviden, 27./28. Juni |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Virgo Crater Hydra |
De Kueb (latäin Corvus) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
De Corvus ass e klengt Stärebild nërdlech vum Stärebild Hydra. Déi véier hellste Stäre mat enger visueller Magnitude ëm 3 m maachen e Véiereck.
Déi bescht Observatiounszäit sinn d'Méint Mäerz bis Mee.
Geschicht [änneren]
De Corvus gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker Astronomie, déi schonns dem Ptolemäus bekannt waren.
Meteorstréim [änneren]
De Meteorstroum vun de Corviden kann ëm de 27. an 28. Juni observéiert ginn.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| γ | 4 | Gienah, Gienah Ghurab | 2,59m | 190 | B8 III |
| β | 9 | Kraz | 2,65m | 140 | G5 II |
| δ | 7 | Algorab | 2,94m | 120 | B9 V |
| ε | 2 | Minkar | 3,02m | 140 | K2 III |
| α | 1 | Alchibah | 4,02m | 49 | F2 IV |
| ζ | 5 | 5,20m | 360 | ||
| η | 8 | 4,30m | |||
| 3 | 5,45m | ||||
| 6 | 5,66m |
Den γ Corvi ass mat enger visueller Magnitude vun 2,6m den hellste Stär am „Kueb“. Hien ass 190 Liichtjoer vun eis ewech an e liicht blo-wäiss. De Stär gehéiert zu der Spektralklass B8.
Den Numm Gienah ass arabesch a bedeit „Flillek“.
96 Liichtjoer wäit ewech läit de β Corvi (Kraz). Et ass e giele Stär a gehéiert zu der Spektralklass G5.
Och d'Nimm vun de Stäre Minkar (ε Corvi) an Alchiba (α Corvi) sinn arabesch a bedeite Schniewel an Zelt.
Duebelstären [änneren]
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| δ | 3,0m/9,2m | " |
| ζ | 5,2m/13,7m |
Den δ Corvi (Algorag kënnt vum arabeschen al-ġurāb, „de Kueb“). Et ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu ronn 120 Liichtjoer.
Verännerlech Stären [änneren]
| Objet | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| R | 6,7m–14,4m | 317 Tage | Mira-Stär |
Den R Corvi ass e laangperiodesche verännerleche Stär vum Typ Mira. Iwwer en Zäitraum vun 317 Deeg verännert hie seng Hellegkeet vu 6,7 bis 14,4m.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 4038 | 10,5m | Galaxis | Antennegalaxis | ||
| 4039 | 10,5m | Galaxis | Antennegalaxis | ||
| 4361 | 10,5m | Planetareschen Niwwel |
Am Corvus ass d'Galaxiekoppel NGC 4038 an den NGC 4039. Déi zwou Galaxië goufen duerch déi géigesäiteg Gravitatiounswierkung staark verformt, woubäi op laangbeliichte Fotoen, zwéin dënn Fiedem siichtbar ginn, déi un Antennen erënneren.
De Planetareschen Niwwel NGC 4361 läit op enger Distanz vu 4.300 Liichtjoer. An hirem Zentrum ass en 12,8m hellen Zentralstär, e Wäissen Zwerg, ze gesinn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Corvus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |