Regulus (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kaart vum Stärebild Leo (Léiw). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer
De Regulus (α Leonis) ass deen hellste Stär am Stärebild Leo (Léiw). De laténgeschen Numm bedeit Klenge Kinnek oder Prënz.
De Regulus ass 77,5 Liichtjoer vun der Sonn ewech an huet eng visuell Magnitude vun 1,36m bei enger absoluter Hellegkeet vun -0,2m. Hie gehéiert zu der Spektralklass B7.
De Regulus kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz selten!) vu Planéiten bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Regulus duerch e Planéit war den 9. Juli 1959 duerch d'Venus, déi näechst ass den 1. Oktober 2044, nees duerch d'Venus. Aner Nimm fir de Regulus sinn: Al Kalb al Asad, Cor Leonis ("Häerz vum Léiw"), Kabeleced, Kalb, Kelb, Rex.
Koordinaten
- Rektaszensioun (Equinoxe J2000.0): 10h08m22.30s
- Deklinatioun ( Equinoxe J2000.0): +11°58'02.0"
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
- Fréijoersdräieck