Buffalo Bill

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Buffalo Bill
Annonce am Wort fir d'Show an der Stad, den 3.9.1906.

De Buffalo Bill, mam richtegen Numm William Frederick Cody, gebuer de 26. Februar 1846 bei LeClair, Scott County, Iowa a gestuerwen den 10. Januar 1917 zu Denver am Colorado) war e berühmte Bisonjeeër a Showman.

Schonn als Kand huet de William Frederick Cody fir d'Firma Russel & Majors (méi spéit Russel, Majors & Waddell) als Zuch-Machinist, Wagon Master, Pony-Express-Reider a Kutscher geschafft. Als jonke Mann war hie beim Goldrausch a Colorado mat dobäi an huet duerno beim Pony-Express geschafft. Méi spéit gouf hien Eclaireur (Scout) fir d'Nordstaaten-Unioun, souwuel am Amerikanesche Biergerkrich wéi och bei de Kricher géint d'Indianerstämm vun de Kiowa a Comanche am Kansas. Tëscht 1867 an 1868 huet hien d'Fleesch fir d'Aarbechter vun der Kansas Pacific Railway geliwwert. Well e Succès als Bisonjeeër hat, krut e säi Spëtznumm „Buffalo Bill“.[1] Vun 1868 bis 1872 war hien nees Scout, dës Kéier fir d'US-Arméi.

Den Ned Buntline, en US-amerikanesche Journalist vun New York, huet de Cody duerch Theaterstécker, Reportagen an Erzielungen als „Buffalo-Bill“ bekannt gemaach. Vill Situatioune goufen an den Erzielungen iwwerdriwwen an hu mat zu de Klischeeën iwwer de Wëlle Westen bäigedroen, déi zum Deel bis haut iwwerlieft hunn.

De Cody huet 1883 seng eege Buffalo Bill's Wild West Show gegrënnt, e grousse Spektakel, bei deenen honnerte vu Statisten an Déieren zum Asaz koumen, an an där "Wild-West-Zeenen" gespillt goufen. Berühmt indianesch Häuptlingen, wéi de Sitting Bull, hunn zäitweileg bei deene Showe matgemaach.

De Cody ass mat senger Show och an Europa op Tournée gaangen, véiermol tëscht 1887 an 1892, an dann nach eng Kéier véiermol tëscht 1902 an 1906.[2]

Mat der Wild West Show zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. September 1906 ass de Spektakel och, géint der Enn vun der Tournée an Däitschland, an ier et geschwënn duerno an d'Belsch viru goung, an der Stad Lëtzebuerg opgefouert ginn. Um Programm stoung ë. a. The Congress of Rough Riders of the World, Pioniere der Steppen an eng "Nostellung" vun der Schluecht um Little Big Horn. 100 Indianer ("echte Rothäute, Häuptlinge, Krieger, Weiber und Kinder"), Samurai, Kosaken aus dem Kaukasus, Amerikanesch Zuaven, d'Zivil-Miliz vun de Vereenegte Staaten, Beduinen aus der Sahara, Lasso-Werfer, Cow-boys, mexikanesch Vaqueros, Krichsvetreranen "aus allen Arméie vun der Welt" wieren enger Annonce vum 22. August 1906 no dobäigewiescht - am Ganzen eng 800 Mënschen a 500 Päerd. D'Luxemburger Wort beschreift a senger Nummer vum 3.- 4. September, datt moies tëscht 8 an 9 Auer 3 Zich mat am Ganzen enger 50 Waggonen op der Gare ukomm wieren, an dat ganzt Material an d'Leit virun den Ae vun de Virwëtzegen, op d'Märeler Strooss bruecht gi wieren, wou d'Zelter opgeriicht goufen. Et gouf eng Mëttes- an eng Owesvirstellung, viru jee 3.500 Sëtzplazen, an d'Annonce huet ausdrécklech drop higewisen, datt d'Zelt elektresch beliicht wier, sou datt een och owes näischt verpasse géif.[3]

Spéiderhi gouf de Spektakel als "enttäuschend" beschriwwen, den Arme Teufel schrouf, et wier eng "eitel amerikanische Flunkerei" gewiescht: vill ze kuerz an ze deier fir dat wat gebuede gouf. En huet och d' Wort an d'Luxemburger Zeitung dofir kritiséiert, am Virfeld massiv direkt oder indirekt Reklamm gemaach (an domat gutt verdingt) ze hunn.[4]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

D'Liewe vum "Buffalo Bill" war de Sujet vun enger ganzer Rëtsch Filmer. A knapps enger Dose Stommfilmer huet hie sech selwer gespillt:

  • 1897 : Buffalo Bill and Escort
  • 1898 : Indian War Council
  • 1900 : Buffalo Bill's Wild West Show
  • 1900 : Buffalo Bill's Wild West Parade
  • 1900 : Buffalo Bill's Show Parade
  • 1900 : Buffalo Bill's Wild West Parade
  • 1901 : Buffalo Bill's Wild West Parade
  • 1902 : Buffalo Bill's Wild West Show
  • 1903 : Buffalo Bill's Parade
  • 1910 : Buffalo Bill's Wild West and Pawnee Bill's Far East
  • 1914 : The Adventures of Buffalo Bill

Vum Buffalo Bill inspiréiert[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • William Frederick Cody: The Life of Hon. William F. Cody: Known as Buffalo Bill, the Famous Hunter, Scout and Guide; An Autobiography. Bliss, Hartford (Connecticut) 1879. (Reprint: University of Nebraska Press, Lincoln, 1978.)
  • Helen Cody Wetmore: Buffalo Bill der letzte Kundschafter.
  • Peter Lindig und Cornelia Lindig: Wer meuchelte Old Surehand? Sonderheft von Karl May in Leipzig. (iwwer d'Relatioun vum Cody mam Karl May)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buffalo Bill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. http://www.wdl.org/en/item/11200/
  2. Griffin, Charles Eldridge (2010) Four Years in Europe with Buffalo Bill, Lincoln: University of Nebraska Press, ISBN 0-8032-3465-1, S. xviii.
  3. Luxemburger Wort vum 22. August 1906, S.4 an 3.-4. September 1906, S.3.
  4. Der arme Teufel 1906-09-09, S.3.