Der arme Teufel

Vu Wikipedia
Der arme Teufel
Déi éischt Entête
Typ Wochenzeitung
Periodizitéit 1 Woch
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 29. November 1903
Lescht Ausgab 1. August 1929
Land Lëtzebuerg
Politesch Ideologie Sozialdemokratie
Editeur Jean Schaack-Wirth


Entête am Joer 1911
Entête am Joer 1919

Der arme Teufel war eng Zeitung zu Lëtzebuerg, déi tëscht dem 29. November 1903 an dem August 1929 verëffentlech gouf. Bis 1916 ass se gewéinlech all Woch, da bis 1926 all zwou Wochen, a vun do bis zum Enn eemol am Mount erauskoum.[1]

Hiert Motto war: Der Wahrheit zur Ehr, den Armen zum Schutz, den Mächtigen zum Trutz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeitung gouf vun där Stréimung an der jonker Sozialdemokratescher Partei gegrënnt, déi éischter de radikalen Handwierker an Aarbechter nostoung.[1] Editeur war de Jean Schaack-Wirth, Matgrënner waren de Georges Droessaert an de Jacques Thilmany, déi allen dräi 1905 Member vun der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei goufen.

D'Zeitung huet sech, besonnesch am Ufank, dacks kritesch mam Michel Welter senger Politik auserneegesat. Bei der Polariséierung vum politeschen Debat an dem Erausforme vun engem Riets- an engem Lénksblock an de Joren 1908-1912, an am Sträit ëm d'Schoulgesetz vun 1912 huet den Armer Teufel kloer eng antiklerikal Linn gefuer.[1]

An der Zäit vum Éischte Weltkrich koum den Armer Teufel onreegelméisseg eraus. An den 1920er Jore stoung si de Radikal-Liberalen no. Um Enn war et eng Zort inoffiziellt Organ vum Fräidenkerbond[1] an huet sech dann och am September 1929 an Das freie Wort ëmgenannt.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Janine Wehenkel-Frisch: Der arme Teufel, sozialdemokratische Zeitung: monographie d'un journal socialiste luxembourgeois, 1903-1929. 2. Oplo 1978.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. Luxemburg 2004, S. 167-168.
  2. Der arme Teufel Nr. 907, August 1929, S.1 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-11-21.