Lil Dagover

Vu Wikipedia
Lil Dagover
Gebuertsnumm Marie Antonia Siegelinde Martha Seubert
Gebuer 30. September 1887
Gestuerwen 24. Januar 1980
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Georg Witt

D'Lil Dagover, gebuer als Martha Marie Antonia Siegelinde Martha Seubert den 30. September 1887 zu Madioen, Oost-Java, haut Madiun, Java, Indonesien a gestuerwen den 23. Januar 1980 zu Grünwald-Geiselgasteig war eng däitsch Film- an Theaterschauspillerin.

Stommfilmer ënner der Regie vum Fritz Lang (Der müde Tod), vum Robert Wiene (Das Cabinet des Dr. Caligari) a Friedrich Wilhelm Murnau (Tartüff) hunn d'Lil Dagover bekannt gemaach.

Am Tounfilm huet si och an interessante Filmer wéi Schlußakkord vum Detlef Sierck, Buddenbrooks vum Alfred Weidenmann, Karl May vum Hans-Jürgen Syberberg a Geschichten aus dem Wienerwald vum Maximilian Schell matgespillt.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]