Il buono, il brutto, il cattivo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Il buono, il brutto, il cattivo (eng. The Good, the Bad and the Ugly, dt. Zwei glorreiche Halunken) ass e Western vum Sergio Leone aus dem Joer 1966.
Inhaltsverzeechnes |
De Film [änneren]
De Film spillt an der Zäit vum amerikanesche Sezessiounskrich, an dräi Männer sinn dra verwéckelt wëll si allen dräi engem décke Pak Suen op der Spur sinn. De Sentenza (il brutto, gespillt vum Lee Van Cleef), den Tuco Benedicto Pacifico Juan Maria Ramirez, genannt Tuco (il cattivo, gespillt vum Eli Wallach), an de Mann ouni Numm mat dem Spëtznumm il biondi (il buono, gespillt vum Clint Eastwood), sinn dräi Geächteter déi méi Intressi un de Sue wéi um Krich hunn. De Problem ass datt jidderee vun deenen dräi nëmmen een Indiz huet wou d'Sue leien.
Technesch Daten [änneren]
- Originaltitel: Il Buono, il brutto, il cattivo
- Engleschen Titel: The Good, the Bad and the Ugly
- Realisatioun: Sergio Leone
- Produktioun: Alberto Grimaldi
- Dréibuch: Luciano Vincenzoni, Sergio Leone, Agenore Incrocci, Furio Scarpelli
- Musek: Ennio Morricone
- Fotographeschen Direkter: Tonino Delli Colli
- Montage: Eugenio Alabiso, Nino Baragli
- Dauer: 161 Minutten
- Eraus komm: 23. Dezember 1966 (Italien), 8. Mäerz 1968 (Frankräich)
Rolleverdeelung [änneren]
- Clint Eastwood: il biondi; il buono
- Lee Van Cleef: Sentenza ; il brutto
- Eli Wallach: Tuco ; il cattivo
- Luigi Pistilli: Pater Pablo Ramirez
- Rada Rassimov: Maria
- Enzo Petito: Geschäftsmann
- Claudio Scarchilli: Member aus der Gang 'Angel Eyes'
- John Bartha: Sheriff
Um Spaweck [änneren]
