Kiefer Sutherland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Kiefer William Frederick Dempsey George Rufus Sutherland (21. Dezember 1966 zu London, England) ass en englesch-kanadesche Schauspiller. Hien ass de Jong vun der Schauspillerkoppel Donald Sutherland a Shirley Douglas.

[änneren] Säi Liewen

De Kiefer Sutherland als Jack Bauer an der Televisiounsserie 24

De Kiefer Sutherland ass zu London op d'Welt komm, wéi seng Elteren do geschafft hunn. Opgewuess ass hien awer an Ontario, Kanada.

Seng Filmcarrière huet am Joer 1983 mat Max Dugan Return ugefaangen, wou hien zesumme mat sengem Papp gespillt huet. Säin Duerchbroch koum ee Joer méi spéit mam Film The Bay Boy, woufir hien eng Nominatioun fir de kanadesche Pendant zum Oscar, den Genie Award erreeche konnt.

Zwee Joer méi spéit huet hien d'Drama Stand By Me gedréint an 1987 war hien am Vampir-Thriller The Lost Boys ze gesinn. Den entgültegen Duerchbroch zu Hollywood ass him 1990 mam Psycho-Thriller Flatliners gelongen.

An der Mëtt vun de 90er Joren hat de Kiefer Sutherland no etlechen erfollegräiche Filmer en Déifpunkt a senger Carrière. Déi wierklech gutt Rolle sinn ausbliwwen.

Mat der Televisiounsserie an Echtzäit 24 huet hie säi Comeback gestart. 2002 krut hie fir seng Leeschtung e Golden Globe als beschte Schauspiller, e Screen Actors Guild Award an eng Nominéierung fir den Emmy.

[änneren] Filmographie

[änneren] Kino

[änneren] Televisioun

  • 24 (2002-2006)

[änneren] Gielercher


[änneren] Um Spaweck

Commons: Kiefer Sutherland – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen