Macau

Vu Wikipedia
中華人民共和國澳門特別行政區 (Chineesesch)
Região Administrativa Especial de
Macau da República Popular da China
(Portugisesch)
Jūng'wàh Yàhnmàhn Guhng'wòhgwok Oumún Dahkbiht Hàhngjingkēui (Kantonesesch)

Zhōnghuá Rénmín Gònghéguó Àomén Tèbié Xíngzhèngqū (Mandarin)

Sonnerverwaltungszon vun der Volleksrepublik China (Lëtzebuergesch)
Fändel vu Macau Wope vu Macau
ändel) (Wopen)
National Devise: keng
Wou läit Macau
Offiziell Sprooch Chineesesch (Héischchineesesch/Mandarin a Kantonesesch), Portugisesch
Chief Executive Ho Iat Seng
Fläch
- Total
- % Waasser

30,4 km²

0 %

Bevëlkerung
- Total (2004)
- Dicht
Net opgelëscht
451.000
16.521/km²
Grënnungsdatum Vu Portugal un d'Volleksrepublik China


20. Dezember 1999

Wärung Pataca (MOP)
Zäitzon UTC+8 (AWST)
Internet TLD .mo
Internationalen Telefonsprefix +853

Macau ass eng fréier portugisesch Kolonie op der Südküst vu China, déi den 20. Dezember 1999 nees ënner d'chineesesch Souveränitéit koum. Haut ass den Territoire eng Sonnerverwaltungszon vun der Volleksrepublik China mat engem héije Grad vun Autonomie.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Macau besteet aus enger Hallefinsel an zwou virgelagerten Inselen, Taipa a Coloane. D'Haaptstad Santo Nome de Deus de Macau, oder einfach kuerz Macau, läit op der Hallefinsel, déi iwwer eng Grenzpaart direkt mam chineesesche Festland verbonnen ass. De gréissten Deel vun de ronn 450.000 Awunner lieft an der Haaptstad.

Den Territoire hat ursprénglech eng Fläch vun nëmme 16 km², déi awer an de leschte Joren op bal 30 km² konnt vergréissert ginn. Dofir gouf den Isthmus tëscht Taipa a Coloane praktesch ganz zougetippt. Trotzdeem huet Macau eng vun der gréisster Populatiounsdensitéit weltwäit.

D'Haaptstad ass mat der Insel Taipa, déi südlech läit, iwwer zwou Brécke verbonnen. Taipa, wou den internationale Fluchhafen an d'Universitéit vu Macau leien, ass mat der méi grousser Insel Coloane iwwer eng weider Bréck verbonnen.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

China ass nëmme fir d'Verdeedegung an d'Aussepolitik zoustänneg, an huet dem Territoire, deen eng eege Regierung a Gesetzgebung huet, garantéiert, sech déi nächst 50 Joer net a seng sozial an ekonomesch Struktur anzemëschen. De chineesesche kommunistesche System wäert also zu Macau, mol wéinstens bis 2049, net praktizéiert ginn. Eng änlech "E Land, zwee Systemer" Reegelung gëllt och fir déi fréier brittesch Kolonie Hongkong, déi nëmmen eng 70 km vu Macau ewech läit, an déi ëmmer en immens wichtege Partner fir den ale portugiseschen Iwwerséiterritoire war.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Eng 95 Prozent vun den Awunner sinn haut ethnesch Chineesen. De Rescht setzt sech aus Portugisen an hiren Nokommen zesummen, si bilden am Macau vun haut eng kleng awer aflossräich Minoritéit. Donieft kommen all Dag Dausende vun Hongkong-Chineesen op Macau fir hiert Gléck am Casino ze versichen oder fir einfach mol een Dag der Mega-City z'entkommen.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Déi chineesesch an déi portugisesch Sprooch sinn zu Macau gläichberechtegt offiziell Sproochen. Si gi vun der Regierung an allen offiziellen Dokumenter benotzt an d'Staatsbeamte musse se beherrschen. Dat Portugisescht ass en Iwwerrescht vun der joerhonnertelaanger portugisescher Presenz zu Macau; allerdéngs gëtt et hautdesdaags nëmmen nach vun enger klenger Elite geschwat. Dofir hält d'Regierung et fir wichteg, datt d'Portugisescht nees konsequent an de Schoule geléiert gëtt, fir datt d'Identitéit vun den Awunner vu Macau, net verluer geet.

Nieft deenen zwou offizielle Sproochen iwwerhëlt och d'Englescht ëmmer méi eng wichteg Positioun, virun allem an de Beräicher Commerce an Tourismus, mä och als Kommunikatiounssprooch tëscht Portugisen a Chineesen.

All d'Schëlter an d'Stroossennimm zu Macau sinn zweesproocheg

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Eng 15 Prozent vun der Populatioun gehéieren dem kathoulesche Glawen un, wat natierlech mat der kolonialer Vergaangenheet zesummenhänkt. Macau war am Ufank eng Missionnairesstatioun a stoung am Mëttelpunkt vun der Christianisatioun an Asien. Donieft gëtt et nach e gewëssene Prozentsaz vu Buddhisten, mä déi grouss Majoritéit vun de Mënschen (agewandert Festlandchineesen) ass atheistesch, wat an der kommunistescher Volleksrepublik wäit verbreet ass.

D'kathoulesch Kierch huet allerdéngs nach ëmmer e groussen Afloss zu Macau; si leescht vill karitativ Hëllef a gëtt dora vun der Regierung ënnerstëtzt. Bis op den haitegen Dag ass den Territoire och de Sëtz vun engem Bëschof. Wichteg kathoulesch Fester wéi Chrëschtdag oder Ouschtere ginn ëmmer mat grousser Begeeschterung gefeiert. De reliéisen Hannergrond vu Macau ass och un deene ville klassizistesche Kierchen a Kapellen an der Stad z'erkennen. Net ëmsoss heescht d'Stad mam offiziellen Numm "Cidade do Santo Nome de Deus de Macau"; portugisesch fir "Stad vum hellegen Numm Gottes Macau".

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Macau ass kulturell absolut eenzegaarteg well et déi eenzeg Plaz op der Welt ass, wou déi portugisesch an déi chineesesch Kultur sech géigesäiteg beräichert a beaflosst hunn. 442 Joer portugisesch Presenz hu vill Spueren hannerlooss: net nëmmen an der Architektur, virun allem och am soziokulturelle Kontext. Wann een duerch d'Alstad vu Macau trëppelt mat senge ville Gebaier am Kolonialstil, vergësst ee séier dat een a China ass, an et fillt ee sech éischter wéi wann een zu Lissabon oder Porto wier. D'Portugisesch Hären hunn hiren Iwwerséiterritoire ganz nom Virbild vun der aler Heemecht opgebaut: eng portugisesch Stad matzen an Asien, mat allem wat dozougehéiert. An dat gesäit een nach haut. Dofir sinn déi historesch Quartiere vu Macau am Joer 2005 an d'UNESCO-Lëscht vum Weltierwen opgeholl ginn. Nieft de Quartieren am portugisesche Stil gëtt et och chineesescher, déi deelweis scho virdrun do waren, oder awer vun Immigranten aus Festlandchina opgeriicht goufen.

Och d'Kiche vu Macau ass weltwäit eenzegaarteg an e Resultat vun der kolonialer Vergaangenheet. Si verbënnt portugisesch a chineesesch Elementer: d'Portugisen haten hir Kachkonscht an heemesch Ingrediente mat op Macau bruecht a se do mat der lokaler chineesescher Kiche kombinéiert. Awer si haten net nëmme portugisescht Iesse matbruecht mä och Saachen aus de villen deemolege Kolonien an Afrika an an Indien. Déi speziell macaneesesch Kichen ass deemno eng Kombinatioun aus portugiseschen, afrikaneschen, indeschen a chineesesche Spezialitéiten: eng Mëschung déi anescht nimools zustane komm wier. En typesche macaneesesche Plat ass zum Beispill "Minchi" oder afrikanesche Poulet. Natierlech gëtt et och "reng" portugisesch Platen, wéi z. B. dee gutt bekannte "Bacalhau" deen iwwerall zu Macau zerwéiert gëtt.

Eng weider Besonneschkeet ass natierlech d'Bevëlkerung vu Macau: d'Macanesen. Si gëllen als déi agebuer vu Macau a si quasi e "Mëschvollek" mat portugiseschen a chineeseschen Originnen. Anescht wéi z. B. zu Hongkong war et de portugisesche Siidler zu Macau erlaabt, lokal chineesesch Fraen ze bestueden. Op déi Manéier huet sech iwwer d'Joerhonnerte lues a lues eng macaneesesch Bevëlkerung entwéckelt. Haut sinn d'Macaneesen allerdéngs just eng kleng Minoritéit; eng 10.000 liewen der haut nach an der Stad a si hunn et ëmmer méi schwéier, sech géint déi chineesesch Majoritéit ze behaapten an hir Kultur ze schützen. D'Macaneese fille sech am Allgemengen an deenen zwéi Kulturkreesser, dem portugiseschen an dem chineeseschen, gläichermoossen doheem. Och beherrsche se an der Reegel déi portugisesch an déi chineesesch Sprooch, wat zu Macau bal kee konnt: d'Portugisen aus der Administratioun hunn ni chineesesch geléiert, an déi agewandert Festlandchineese konnte kee Portugisesch schwätzen. Dofir hunn d'Macaneesen ëmmer eng wichteg Roll an der Verwaltung gespillt, quasi eng Vermëttlerroll tëscht der portugiseschsproocheger Administratioun an der chineeseschsproocheger Bevëlkerungsmajoritéit. (D'Portugise waren iwweregens vun Ufank un ëmmer an der Minoritéit zu Macau gewiescht.)

Vill Macaneese waren dergéint datt Portugal si u China zeréckginn huet. Déi meescht fille sech awer éischter als Europäer wéi als Chinesen (obwuel vill vun hinnen Europa, respektiv Portugal, nach ni gesinn hunn) a ginn elo ënner der neier chineesescher Administratioun net méi sou gutt eens wéi virdrun.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Infrastruktur zu Macau war schonn ënner der portugisescher Administratioun immens gutt ausgebaut. All eenzel Strooss ass asphaltéiert, de Verkéier leeft gutt, obwuel d'Stroossen dacks ganz enk sinn. Mëttlerweil gëtt et nach eng drëtt Bréck tëscht der Haaptstad an der Insel Taipa (d'SAI VAN Bréck), an och eng weider Grenz mam chineesesche Festland. Den internationale Fluchhafe gouf 1995 ageweit an huet am Joer 2016 e Rekord vu 6,6 Millioune Passagéier erreecht.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Vu Macau op Hong Kong kënnt ee mat der Fär oder mat Bus an Auto iwwer d'Hong Kong-Zuhai-Macau Bréck, déi 2018 opgaangen ass.

Am Joer 2019 gouf de Macau Light Rapid Transit (MLRT), den éischte Massentransportsystem zu Macau, fir de Public zougänglech gemaach. De Konstruktiounsprojet hat am Februar 2012 ugefaang. Den MLRT huet aktuell 11 Statiounen an nei Statioune si geplangt.

Macau gehéiert zu deene Stied mat de meeschte Telefonsuschlëss (telefonéieren ass bannent dem Territoire gratis) an och den Internet gëtt vun der Bevëlkerung iwwerduerchschnëttlech vill benotzt.

D'Gesondheetswiesen ass gutt entwéckelt an op europäeschem Standard; et gëtt vill gutt ausgebilt Dokteren, verschidde Spideeler a sougenannt Gesondheetszenteren (Centro de Saúde). Ausserdeem sinn eng sëlleg Spezialklinicken zu Hongkong séier z'erreechen.

All Joer ginn nei Landstécker aus dem Mier gewonnen, fir Plaz ze schafe fir nei Gebaier an nach méi Infrastrukturprojeten ze realiséieren, well den 27 km² klengen Territoire platzt elo schonn aus allen Néit mat senge villen Awunner an Touristen déi all Dag kommen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Macau – Biller, Videoen oder Audiodateien