Yad Vashem

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Yad Vashem
Yad Vashem: Erënnerung un d'jiddesch Kanner déi ëmkommm sinn

Yad Vashem, offiziell Erënnerungsplaz un d'Märtyrer an d'Helde vum Staat Israel am Holocaust ass dat wichtegst Erënnerungsmonument vun der Vernichtung vun den europäesche Judden duerch den Nationalsozialismus.

Den 29. Juli 1954 gouf de Grondstee geluecht.

Yad Vashem läit um Bierg vun der Erënnerung zu Jerusalem, a gouf duerch eng Decisioun vun der Knesset 1953 opgebaut. All Joer besichen iwwer eng Millioun Leit déi Plaz.

Eenzelheeten iwwer de Yad Vashem-Komplex[änneren | Quelltext änneren]

De Yad Vashem ass e grousse Complex, mat parkartegem, beplanzte Gart, Gedenkstätt, Gebaier mat Dokumenten an Recherchezenter. Am Eenzelne sinn z'ernimmen:

  • Park a Gaart, mat
    • Memorial a Fer forgé (op der Foto)
    • Memorial fir d'jiddesch Kanner déi ëmkomm sinn (op der Foto)
    • Ausgestallte Véiwaggon an deem d'Juden deportéiert si ginn
    • Gedenkplaz un déi, déi de Juden gehollef hunn (Avenue of the Righteous Among the Nations). D'Nimm vun 18.000 Persounen (Net-Juden aus alle Lànner), déi de Juden am Krich gehollef hunn sinn do op Plaquetten opgefouert
    • Alleeën mat den 2.000 Beem déi vu prominenten Visiteuren geplanzt si ginn an zum Ausdrock brenge sollen, datt trotz Holocaust d'Liewen muss virugoen.
  • A Gebaier ënnerbruecht sinn:
    • D'Plaz mat den Nimm (Hall of Names)
    • Holocaust Historesche Musée
    • Holocaust Konschtmusée mat Wierker déi ënner grujelesche Konditiounen entstane sinn an och vun Artisten, déi den Holocaust iwwerstanen hunn
    • Recherche-Zenter, a.s.v.

Gerecht ënner den Natiounen[änneren | Quelltext änneren]

Och e Lëtzebuerger ass ënner de Gerechter ënner den Natiounen. De fréiere Justizminister a Chamberpresident Victor Bodson huet ënner Liewensgefor eng 100 Judden a Sécherheet bruecht.[1][2]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bella Gutterman; Avner Shalev (Erausg.): Zeugnisse des Holocaust. Gedenken in Yad Vashem. Wallstein Verlag, Göttingen 2006. 326 S.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Hoffmann, Serge: Luxemburg - Asyl und Gastfreundschaft in einem kleinen Land,Säit 193; 1996; Bäitrag an Solidarität und Hilfe für Juden während der NS-Zeit; Metropol Verlag, Berlin; 283 S. ISBN 3926893435
  2. D'Yad Vashem Fiche vum Victor Bodson (en) archivéiert

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yad Vashem – Biller, Videoen oder Audiodateien