Holocaust

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Holocaust (gr: ὅλος - holos, „ganz, vollstänneg“ an καῦσις - kausis, „Brand, Verbrennung“) bedeit vollstännegt Brandaffer a bezeechent am enke Sënn de systematesche Vëlkermuerd un ongeféier sechs Milliounen europäesche Judde während der Zäit vum Nationalsozialismus an Däitschland an an de vun Däitsche besatene Gebidder. Well de Begrëff Holocaust aus diverse Grënn problematesch kann erschéngen, schwätze Judden éischter vun der Shoah.

Am méi wäite Sënn bezeechent Holocaust och déi kollektiv Ermuerdung vu Membere vun aneren ethneschen, reliéisen oder soss Mënschegruppen, déi vun den Nazien als "onerwënscht", "liewensonwert oder "rassesch mannerwerteg" erkläert goufen. Dozou hu virun allem déi Handikapéiert, d'Zigeiner, d'Zeugen Jehovas, déi Homosexuell grad wéi och polnesch Intellektueller, russesch Krichsgefaangener an aner, meeschtens slawesch Volleksgruppe gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Holocaust – Biller, Videoen oder Audiodateien