Usbekistan

Vu Wikipedia


Usbekistan

Usbeekesche Fändel

Usbeekescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise:
informell: "O'zbekiston kelajagi buyuk davlat"
(Usbekistan ass en zukünftege grousse Staat)
Offiziell Sprooch: Usbeekesch a
Karakalpakesch
Haaptstad: Taschkent
Staatsform: Republik
 • President a Premierminister: Shavkat Mirziyoyev
Fläch: 447.400 km² (56.)
 • Dovu Waasser: 4,9 %
Bevëlkerung: 27.727.453 (1. Januar 2009) (45.)
 • Bevëlkerungsdicht: 61,2 Awunner/km²
Onofhängegkeet: 1. September 1991 vun der Sowjetunioun
Nationalfeierdag: 1. September
Nationalhymn: Serquyosh, hur oʻlkam, elga baxt, najot
Wärung: Sum
Zäitzon: UTC +5 (keng Summerzäit)
Internet TLD: .uz
Internationalen
Telefonsprefix
:
+998

Usbekistan, op Usbeekesch O'zbekiston, ass e Staat an Zentralasien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréier chineesesch Seidestrooss zitt sech bal duerch déi ganz Längt vum Land. De Staat Usbekistan ass 1925 entstanen, als Usbeekesch Sozialistesch Sowjetrepublik, a gouf 1991 vun der Sowjetunioun onofhängeg.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Land huet eng 27,7 Milliounen Awunner mat ronn 100 Nationalitéiten, dovun 71 % Usbeeken, 5,1 % Russen, 5 % Tadschiken, 4,1 % Karakalpaken, 3,2 % Kasachen, 2,7 % Krimtataren an 2,5 % Koreaner.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Sprooch vum Land ass Usbeekesch, an der autonomer Republik Karakalpakstan ass och Karakalpakesch offiziell als Sprooch unerkannt. Russesch huet ëmmer nach eng grouss Bedeitung a gëtt vun deene meeschte verstanen. An de Stied Samarkand a Buchara ass och nach Tadjikesch a Persesch verbreet.

Mëtt der 1990er Joren huet d'Parlament decidéiert, fir vum kyrilleschen op dat laténgescht Alphabet ëmzeklammen. De facto sinn elo déi zwee Alphabeter a Gebrauch.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Aus den éischten direkte Presidentschaftswalen den 29. Dezember 1991 ass den Islam Karimow mat 86 Prozent vun de Stëmmen als Gewënner ervirgaangen an hie gouf deen éischte President vun der onofhängeger Republik Usbekistan. Zanterhier huet e seng Amtszäit véiermol verlängere gelooss iwwer Referendumen a Walen.

Den Islam Karimow ënnerbënnt mat Erfolleg all reliéise Fanatismus am Land. Dowéinst kann déi och duerch verschidden an Däitschland aktiv Memberen opgefallen Islamesch Beweegung Usbekistan (IBU) just nëmmen am afghanesch-pakistanesche Grenzgebitt agéieren.

Nodeem datt d'USA d'Ënnerdréckung vu reliéisen Onrouen 2005 zu Andijan am Ferganadall kritiséiert hunn, huet de Karimow hir Militärbasis am Land zougemaach. De President ënnerstëtzt awer den ISAF-Asaz am Nopeschland Afghanistan weider, dëst duerch eng Erlabnes un déi däitsch Bundeswehr fir e Lofttransportstützpunkt zu Termes z'ënnerhalen.

Déi lëtzebuergesch Regierung finanzéiert zanter 2002 iwwer d'Agence fir den Transfer vu Finanztechnologie verschidde Berodungs- a Formatiounsprojeten am Bankesecteur. Am Joer 2010 war dofir e Budget vu 95.000 Euro virgesinn [1].

Fotosalbum vum Land[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Usbekistan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 29. Mäerz 2010 - Aarbechtsvisit vum lëtz. Ausseminister am Usbekistan Gearchiveerd op 2010-12-28. Gekuckt de(n) 2011-03-19.