Ferganadall
De Ferganadall ass eng fruchtbar Sank, déi opgedeelt gouf tëscht de Staaten Usbekistan, Tadjikistan a Kirgisistan. Méi wéi 11 Millioune Mënschen an domat 20% vun der Bevëlkerung vun Zentralasie liewen am Dall, dee just 300 km laang a 70 km breet ass.
Wéinst deene villen Nationalitéiten an neien islamesche Beweegunge koum et an der Vergaangenheet ëmmer erëm zu Onrouen.
D'Economie berout haaptsächlech op Bewässerungsagrikultur (Kotteng, Räis, Uebst, Wäin), awer och zum Deel op dem Biergbau an der Industrie.
Déi vast Schnéifelder a Gletscher op de Bierger ronderëm den Dall sinn d'Quelle fir d'Majoritéit vun de Flëss. Dee gréisste Floss vum Dall, de Syrdarja, entsteet duerch den Zesummefloss vun Naryn a Karadarja, déi allebéid aus Kirgisistan kommen. De Syrdarja fléisst a westlecher Richtung an de Kairakkum-Stauséi op tadjikeschem Territoire. Déi genannte Bewässerung vum Dall geschitt duerch en duerchduechtent Netz vu Kanäl, déi hiert Waasser vum Syrdarja a sengen Nieweflëss kréien.