Zentralasien

Vu Wikipedia
D'UNO Geoschema fir Asien: ██ Nordasien ██ Zentralasien ██ Südwestasien ██ Südasien ██ Ostasien ██ Südostasien

Zentralasien, dacks och Mëttelasien genannt, ass am Zentrum vum asiatesche Kontinent a gëtt delimitéiert duerch d'Kaspescht Mier am Westen, Russland am Norden, China am Osten an Afghanistan am Süden.

Et gëtt verschiddene Definitioune fir déi exakt Kompositioun, a keng vun deenen Definitiounen ass universell acceptéiert. Gemenkerhand gehéieren op d'mannst 5 fréier Sowjetrepubliken dozou: Kasachstan, Kirgisistan, Usbekistan, Tadjikistan an Turkmenistan, mat enger Gesamtpopulatioun vun 61,5 Milliounen (2009) op 4,003,400 km2. Absënns am englesche Sproochraum schwätzt een dowéinst och alt emol vun de 5 "Stan-en".

Aner Gebidder déi dacks dozou gezielt gi sinn d'Mongolei, Afghanistan, den Norden a Weste vu Pakistan, den Nordoste vum Iran, an heiansdo souguer westlech Deeler vu China a Südsibirien.

Et kann ee soen, datt Zentralasie sech historesch gesinn iwwer seng nomadesch Vëlker an d'Seidestrooss definéiert.

Politesch Kaart vun Zentralasien