Sergei Wassiljewitsch Awdejew

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Sergei Awdejew, Abrëll 2011

Den Sergei Wassiljewitsch Awdejew gebuer den 1. Januar 1956 zu Tschapajewsk, Oblast Kuibyschew, Russesch SFSR, ass e fréiere russesche Kosmonaut.

Den Awdejew ass bestuet an huet zwee Kanner. Seng Interessie leie bei Kärphysik a Sport. Hien ass ausserdeem Radioamateur a säi Ruffzeechen ass RV3DW.

Inhaltsverzeechnes

Ausbildung [änneren]

Den Awdejew huet um Moskauer Physik-Ingenieur-Institut 1979 graduéiert a gouf Ingenieur-Physiker. Vun 1979 bis 1987 schafft hien als Ingenieur fir RKK Energija. Hie gouf als Kosmonaut als Deel vun der Energija-Ingenieur-Grupp 9 de 26. Mäerz 1987 ausgewielt. Seng Grondausbildung krut hie vun Dezember 1987 bis Juli 1989. De 14. Februar 2003 ass hien aus der aktiver Lafbunn ausgetrueden.

Raumflich [änneren]

De Sergei Awdejew hat eng gewëssen Zäit de Rekord fir déi héchst am Weltraum verbruechten Zäit mat 747,59 Deeg. Dës Zomm krut hie mat dräi Expeditiounen op der russescher Raumstatioun Mir zesummen. Hien huet d'Äerd 11.968 Mol ëmkreest an huet dobäi eng Streck vun ongeféier 515.000.000 km zréckgeluecht. Eréischt am August 2005 gouf dëse Rekord vum Sergei Krikaljow gebrach.

Interessanterweis louchen dem Awdejews seng Gebuertsdeeg ëmmer an der Zäit vu sengen dräi Raumflich. Hien ass domat dee Kosmonaut, deen déi meeschte Gebuertsdeeg am Weltraum feiere konnt.

Baussenbordaktivitéiten [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Sergei Awdejew – Biller, Videoen oder Audiodateien