Aids
| Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
AIDS steet fir Acquired Immune Deficiency Syndrome (engl. fir Defizienz an den Immunfunktiounen déi sech beim Eenzelnen am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn). Et versteet en dorënner eng spezifesch Kombinatioun vu Symptomer, déi beim Mënsch optrieden, dee mam HI-Virus infizéiert ass, an déi da bei der Zerstéierung vun den Immunfunktiounen optrieden. Dës Symptomer bestinn aus Sekundärinfektiounen an Tumoren. Schonns am Laf vun der symptomfräier Inkubatiounsphas, déi e puer Joer dauere kann, ginn haut antiviral Medikamenter agesat, déi d'Liewenserwaardung bei den Infizéierte verlängert, mee ëmmer nach net zur Heelung féiere kënnen. Eng komplett Eliminatioun vun den HI-Viren aus dem Kierper ass haut nach net méiglech.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Symptomer
Infektiounssymptomer 2 bis 6 Wochen no der Infektioun weise sech Infektiounssymptomer wei Kappwéi, Gelenkwéi, Féiwer, Uschwëlle vu Lymphkniet, Irritatioun vun der Haut, dcks gëtt se verwiesselt mat enger Gripp. Eng fréi Diagnos ass wichteg fir datt sou séier wéi méiglech mat der Bahandlung ugefaange ka ginn. Wat éischter mat der Bahandlung ugefaange gëtt, desto méi héich gëtt d'Liewenserwaardung.
Latenzzäit No deene Woche fänkt eng Latenzzäit un, woubäi de Virus sech an där Zäit weiderverbreet mä de Patient selwer näischt spiert. Wéi laang déi dauert, ka kee soen, dat kann no 10 Joer ausbriechen oder och och guer net. Méi spéit kënne Patiente méi dacks krank ginn, well sech d'Viruslaascht erhéicht an een domatten och d'Gefor, datt den HIV zu AIDS ausbrécht. Patienten déi HIV-Positiv sinn, lafen éischter Gefor, wéi e gesonde Mënsch, vun Hepatitis ugestach ze ginn.
AIDS No der Latenzzäit brécht AIDS aus, woubäi d'Immunsystem vum Mënsch bal komplett zerstéiert ass, dat heescht de Patient gëtt vun allem krank, woubäi et am Ufank mat enger Gripp ufänkt an de Patient zum Schluss dacks mat enger schwéierer Longenentzündung stierft. Kriibszelle kënne sech och bei AIDS rapid verduebelen an domadder de Patient u Kriibs stierwen doen.
[änneren] Krankheetsverlaf
[änneren] Therapie
Eng Heelung ass am Moment nach net a Siicht. Dem Patient kënnen awer Medikamenter verschriwwe ginn, déi d'Weiderentwécklung vum Virus hemmen. Doduerch gëtt den HIV dodru gehënnert, sech an d'T-Zellen anzebannen, denen hir RNA ze kopéieren an da seng eege Virus-RNA géint d'T-Zellen ze fabrizéieren.
[änneren] HIV-Test
Een HIV-Test ass eréischt effektiv, wann e méi wéi 12 Wochen no der méiglecher Infektioun gemaach gëtt. Am Test gëtt eigentlech nëmmen op HIV-Antikierper déi de Kierper bilt gepréift. Wann der fonnt ginn, ass den Test positiv, wat awer net heescht datt een definitiv HIV-positiv ass. Et gëtt dann nach eng Kéier iwwerpréift fir en zouverlässegt a séchert Resultat. Soll dann näischt fonnt ginn, ass den Test negativ, dat heescht, et ass een net ugestach ginn.
Den HIV-Test zu Lëtzebuerg kann ee fir näischt an der Staat am Centre Hospitalier maachen, um 2. Stack bei der Sectioun "Maladies infectieuses". Beim Hausdokter muss ee Bescheed soen datt een HIV gäre matteste well, ouni Bestätegung vum Patient ass et dem Dokter net erlaabt ze testen. An all Laboratoire vu Lëtzebuerg kann een den Test fir näischt maachen, wann ee seng Carte Sociale dobäi huet.
[änneren] Ustiechung
Ustiechung ass eigentlech nëmme méiglech wann een a Kontakt vu Blutt, Sperma, Scheedeflëssegkeet a Mammemëllech kënnt. An de Sekreten wéi Urin, Kot a Spaut sinn och HIV-Zellen noweisbar, mä a sou enger gerénger Viruslaascht datt et net zu enger Infektioun ka kommen. Déi meescht Infektiounen erfollegen duerch sexuelle Kontakt. Anal- souwéi Vaginalverkéier ass am risikoräichste well déi Zone relativ staark duerchblutt sinn, an duerch kleng Rëss an de Schläimhait eng Infektioun geschéie kann. Am Géigesaz ass Oralverkéier zënter den neiste Studien net wierklech infektiös wann een gewësse Sécherheetsmossnahmen anhält.
[änneren] Preventioun
Fir eng Infektioun mat dem HIV ze verhënnere ginn et nëmmen e puer Méiglechkeeten. Déi éischt wier eng Kapëttchen ze benotzen, wat net nëmme virun HIV schützt mee och virun anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten. Aner Méiglechkeete si fir guer net an de Kontakt vu Sperma ze kommen, beziehungweis Scheedeflëssegkeet, spriech verschidde Praktiken ënnerloossen. Beim Drogekonsum ass et wichteg steril Nolen ze benotzen.
[änneren] Verbreedung an der Welt
[änneren] Literatur
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Zu Lëtzebuerg
- Statistik vum STATEC: Ustiechend Krankheeten zu Lëtzebuerg zënter 1945
- (fr) 64 nouvelles infections du Sida en 2009
[änneren] Allgemeng
- Den HIVCENTER vum Klinikum vun der J.W.Goethe-Universitéit zu Frankfurt
- (en) AIDS-Informationsäit vun de Vereenten Natiounen
- Wat seet den Robert Koch-Institut zu HIV/AIDS
- (fr) Informatiounen op franséisch
| Commons: AIDS – Biller, Videoen oder Audiodateien |