Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa

Vu Wikipedia
De Projet, wéi en am Juni 2004 virgestallt gouf.

Den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa, och Verfassungstraité resp. -vertrag, Europäesch Verfassung resp Europäesch Constitutioun, oder och nach Traité vu Roum (2004) genannt, war en internationalen Traité, deen zwar ënnerschriwwen, awer net komplett ratifizéiert gouf, an dofir net a Kraaft getrueden ass.

Säin Zil war et, eng konsolidéiert Verfassung fir d'Europäesch Unioun (EU) ze schafen. En hätt dann déi Traitéë vun der Europäescher Unioun, déi bis dohi gegollt hunn, vereenheetlecht an ersat, hätt der Europäesch Mënscherechtscharta e rechtlech verbindleche Status ginn an hätt d'Ofstëmmung no qualifizéierter Majoritéit op weider Politikberäicher ausgebreet, wou bis dohin Unanimitéit tëscht de Memberstaaten néideg war.

D'Iddi vun engem Verfaasungstraité geet op de Conseil vu Laeken vun 2001 zeréck, wou d'Staats- a Regierungscheffen e sougenannten Europäesche Konvent opgesat hunn, an deem Vertrieder vu verschiddene Länner a Partei vertruede sollte sinn, fir en Text auszeschaffen, deen d'EU op eng méi stabil Grondlag stelle sollt. Eraus koum 2003 den Entworf vun enger Europäescher Verfassung, a Form vun engem Traité.

Den Traité gouf den 29. Oktober 2004 zu Roum vu Vertrieder vun den deemools 25 Memberstaate vun der Europäescher Unioun feierlech ënnerschriwwen. Spéiderhin hunn 18 Memberstaaten duerch hir Parlamenter den Traité ratifizéiert, dorënner der zwéin, Spuenien a Lëtzebuerg (kuckt: Referendum vum 10. Juli 2005), wou dëst duerch e Referendum geschouch. Allerdéngs gouf den Traité och an zwee Länner, am Juni 2005, duerch Referendum ofgeleent, nämlech a Frankräich an an Holland, sou datt de Ratifikatiounsprozess stallgehale gouf.

Nodeems eng Zäitchen iwwerluecht gouf, wéi et sollt weidergoen, gouf en neien Traité opgesat, deen e bësse manner ambizéis sollt sinn, an deen, als Traité vu Lissabon, den 13. Dezember 2007 ënnerschriwwe gouf an den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden ass.

Europäesch UniounGeschicht, Struktur an Traitéen
1951 1957 1965 1986 1992 1997 2001 2007/2009
Europäesch Communautéiten (EG*) E U R O P Ä E S C H   U N I O U N   ( E U )
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) (2002 ausgelaf -> EG)
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) Europäesch Gemeinschaft (EG)
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom Justiz an Interieur (JI) (ZJZ a Persouneverkéier –> EG)
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS)
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP)
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG resp. Euratom)
Traité vu
Paräis
Traité vu Roum Fusiounstraité Acte unique Traité vu
Maastricht
Traité vun
Amsterdam
Traité vun
Nice
Traité vu Lissabon
Dräi Sailen