Laeken

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Laeken / Laken
D'Schlass vu Laeken
D'Schlass vu Laeken
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag Belgium brussels.svg Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Flag of Flanders.svg Flämesch Communautéit
Provënz  
Arrondissement Bruxelles-Capitale
Gemeng Coat of Arms of Brussels.svg Bréissel
Telefonszon 02
Postcode 1020
Koordinaten Gnome-globe.svg50° 52’ 40’’ N
     04° 21’ 21’’ O
Fläch  925 ha
Tour japonaise, Parc royal de Laeken
Palais des expositions
Les serres du parc royal de Laeken (Alphonse Balat - 1874-1890)
Charpente métallique d'une des serres

La(e)ken ass e Quartier vun der Stad Bréissel, dee virun der Fusioun mat Bréissel bis 1921 eng eegestänneg Gemeng war.

Zu Laeken sinn ë. a. d'Schlass Laeken, de Wunnsëtz vum Kinnek (och Schlass Schoonenberg genannt; 1784 als Residenz vun de Genralgouverneure vun den Nidderlande gebaut), d'Kinneklech Zären (gebaut 1873) an d'Kierch Notre-Dame vu Laeken (an där hirer Krypta déi belsch Kinneke begruewe ginn).

Um Territoire vu Laeken läit den Heysel-Plateau, wou 1958 d'Weltausstellung war, a wou haut nieft enger grousser Foires-Hal ë. a. de Stade Roi-Baudouin (fréier: Heysel-Stadion), den Atomium an e Fräizäitpark mat notamment dem Multiplex-Kino Kinepolis a Mini-Europe (a reduzéiertem Moossstaf nogbaute Gebaier aus Europa), sinn.

De 14.-15. Dezember 2001 gouf do en europäesche Sommet ofgehalen, op deem ë. a. d'Deklaratioun vu Laeken decidéiert gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Van Nieuwenhuysen, Historische Toponymie van Laken, Éditions Safran, Bruxelles, 2009, 600 p., illustrations et plans de grand format [1]