Musées d'Extrême-Orient

Vu Wikipedia
Musées d'Extrême-Orient
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Plaz Laeken
Koordinaten 50°53'37,939"N, 4°21'36,328"O
Datum vum Bau 1921

D'Musées d'Extrême-Orient (nl.: Musea van het Verre Oosten) sinn e Komplex vun dräi Muséeën zu Laeken, an der Stad Bréissel. Si gi vun de Musées Royaux d'Arts et d'Histoire/Koninklijke Musea voor Kunst en Geschiedenis géréiert.

Si bestinn aus dräi Gebaier:

  • engem chineesesche Pavillon
  • engem japaneschen Tuerm
  • engem Musée fir japanesch Konscht.

De Pavillon an d'Pagod sinn zanter 2013 zou, well d'hëlze Konstruktioune wënsch sinn a renovéiert musse ginn.[1] Verschidde Konschtgéigestänn doraus ginnam Musée d'Art & d'Histoire zu Bréissel ausgestallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi fir orientalesch Gebaier opriichten ze loossen an dem Public zougänglech ze maache geet op de Kinnek Leopold II. zeréck, dee vun der Tour du Monde op der Weltausstellung 1900 zu Paräis déif beandrockt war.[2] De franséischen Architekt Alexandre Marcel krut 1901 d'Commande, eng knapps 50 Meter héich japanesch Pagod (To), opzeriichten. Si gouf 1905 ageweit.[2]

Dat selwecht Joer hunn d'Aarbechten um chineesesche Pavilion ugefaangen. Wéi de Leopold II. 1909 gestuerwen ass, gouf d'Iddi vun engem Musée falegelooss, an d'Gebai goung als Don un de belsche Staat, deen doran en Handelsmusée agerriicht huet.[2] Vun 1947 bis 1989 waren déi zwee Gebai mam Gaart ronderëm net zougänglech fir de Public.[2] D'Kollektioun vu japanescher Konscht gëtt zanter 2006 an engem Gebai gewisen, nieft dem chineesesche Pavilion, dat ursprénglech geduecht war als Stall a Gararge vun deenen zwéi Gebaier.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Museums of the Far East – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. op kmkg-mrah.be Archivéiert op 2018-12-15. Gekuckt de(n) 2018-07-23.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Official History op kmkg-mrah.be