Operatioun Overlord

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Operatioun Overlord
Seconde-guerre-mondiale-debarquement-LCVP-6juin1944.jpg
E Landungsboot kuerz virun der franséischer Küst
Datum Vum 6. Juni 1944
bis 25. August 1944
Plaz Normandie a Frankräich
Resultat Landung gegléckt
Kontrahenten
US flag 48 stars.svg USA
Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien
Canadian Red Ensign 1921-1957.svg Kanada
Flag of France.svg Frankräich
Flag of Poland.svg Polen
an aner Alliéiert:
Belsch - Norwegen
Lëtzebuerg
Flag of German Reich (1935–1945).svg Däitschland
an Truppe vu
aneren Achselänner
Männer op der Plaz
ongeféier 1.530.000
den 11. Juni


ongeféier 350.000
1.000.000 
iwwer
ganz Frankräich verdeelt
(Ufank Juni) ginn ugeholl
Zweete Weltkrich
Pointe du Hoc

D'Operation Overlord war eng militäresch Operatioun vun de westlechen Alliéierten am Zweete Weltkrich , fir an Europa eng zweet grouss Front géint d'Wehrmacht opzebauen, déi däitsch Truppen aus Nordfrankräich ze verdreiwen, an op der franséischer Küst eng fest Basis opzebauen. Dozou huet déi alliéiert Landung an der Normandie gehéiert, déi ënner dem Code-Numm Operatioun Neptune gestart gouf. D'Operatioun Overlord huet vum 6. Juni 1944, dem D-Day, bis de 25. August 1944, dem Dag op deem déi alliéiert Truppe Paräis befreit hunn, gedauert.

Landung an der Normandie[änneren | Quelltext änneren]

Virbereedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Virbereedung fir datt d'Invasioun e Succès sollt ginn, ass am Abrëll 1944 ugelaf. Tëscht dem 1. Abrëll 1944 an dem D-Day waren déi englesch an amerikanesch Piloten iwwer 200.000 Asätz mat 11.000 Fligeren iwwer Frankräich geflunn. Dobäi goufen 195.000 Tonne Bommen op strategesch Ziler ofgeworf, wéi Eisebunnskniet, militäresch Basen, Fluchfelder an op d'Küstebatterien. 2.000 Fligere gounge verluer awer zum Enn waren all wichteg Brécken op der Seine an der Loire zerstéiert, soudatt d'Normandie um Dag vun der Invasioun komplett vum Rescht vum Land isoléiert war. D'Loftiwwerleeënheet war e wichtege Facteur bei der Invasioun an um D-Day stoungen den Alliéierte méi wéi 13.000 Fligeren zur Verfügung, vis-à-vis vu 400 Stéck bei der Luftwaffe. D'Bombardementer goufen och nach als Diversioun benotzt. Zwéin Drëttel vun de Bomme goufen baussent dem Invasiounsecteur erofgehäit fir déi Däitsch gleewen ze doen, d'Landung wir am Nordoste vun der Seine virgesinn, am speziellen am Secteur vum Pas-de-Calais vis-à-vis vun Dover. Mat falsche Funkmeldungen haten d'Alliéiert eng Geeschterarméi inzeenéiert, déi am Südoste vun England stationéiert war, a vum Generol Patton kommandéiert wier.

Operatioun Neptune (Landung an der Normandie)[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Operation Neptune 

De 6. Juni 1944 sinn dei stäerkst Landungskräfte vun der Krichsgeschicht an den Asaz komm. Se goufe vun der gréisster Schëffsarmada vun allen Zäite mat iwwer 6.000 Schëffer ënnerstëtzt.

Fir d'Sécherheet vun der Flott a fir d'Ënnerstëtzung vun de Buedemtruppe stoungen den Alliéierte 4.190 Juegdfliger, 3.440 schwéier Bomber, 930 mëttel a liicht Bomber, 1.360 Truppentransporter a Frachtschëffer, 1.070 Maschinne vun de Küstekommandoen, 520 Opklärungsfliger an 80 Rettungsfliger zur Verfügung. Am Ganzen haten d'Alliéiert 11.590 Fligeren agesat. Den Ugrëff war op enger Breet vun 98 km zwësche Sainte-Mère-Église op der Hallefinsel Contentin am Westen an Ouistreham am Osten. Déi westlech Ofschnëtter goufe vun amerikaneschen Truppen ageholl (Codenimm Utah an Omaha), do sinn 3 Infanteriedivisioune gelant. Den Ofschnëtt Juno gouf vu kanadeschen Truppen attackéiert an eruewert. Déi aner Landungssekteuren (Gold a Sword) goufe vun zwou briteschen Divisiounen ageholl. Am Ganze sinn ongeféier 170.000 Mann deen Dag an der Normandie gelant, dovu sinn der 10.500 gefall.

Loftlandemanöver[änneren | Quelltext änneren]

Déi alliéiert Loftlandedivisiounen, déi um D-Day ofgespronge sinn, sollten d'Flanke sécheren a wichteg Schlësselpositioune souwéi Batterien anhuelen oder zerstéieren.

16 Minutten no Hallefnuecht huet d'Operatioun vun der 6. britescher Loftlandedivisioun, mat der Landung vun Horsa-Segelfligere béi de Brécken iwwer d'Orne (Horsa-Bréck) an iwwer de Kanal vu Caen (Pegasus-Bréck) bei Bénouville ugefaangen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Operatioun Tonga an am Artikel Operatioun Deadstick Nuvola apps xmag.png

Déi 6. Loftlandedivisioun hat den Optrag mat Fallschiermjeeër a Begleettruppen an dräi Landezonen (K, V an N) ze landen, d'Brécke vum Orne-Caen Kanal anzehuelen an ze halen, d'Brécken iwwer d'Dives ze zerstéieren, d'Batterie bei Merville z'éliminéieren an de Raum zwëschen der Orne an der Dives ze halen an domat déi lénks Flank vun der allièierter Landung ze sécheren. De Fallschiermjeeër, ass et séier gelongen, d'Landezonen ze besetzen a fir d'Landung vun der Verstäerkung ze preparéieren. Och d'Sprenge vun de Brécken iwwer d'Dives bei Troarn, Bures, Robehomme a Varaville ass gelongen. Bis um Enn vum Dag, waren d'Ziler vun der Divisioun all erreecht. En zweeten Deel vun der Operatioun bestoung aus der Landung vu Fallschiermjeeër bei der Artilleriebatterie vu Merville. Déi sollt zerstéiert ginn, wat den Zaldoten gelongen ass, allerdéngs hu se 50% vun hire Komerode verluer.

Déi 82. US-Loftlandedivisioun sollt am Verlaf vun der Operatioun Detroit an déi 101. US-Loftlandedivisioun sollt am Verlaf vun der Operatioun Chicago op der Westflank vum Invasiounsberäich landen. Wéinst deelweis onmarkéierte Landezonen, schlechtem Wieder an enger schlechter Topographie, sinn d'Fallschiermjeeër verstreet ginn a konnte sech dacks net zesummeschléissen. E puer Zaldote sinn erdronk an esouguer a Séien oder a Felder gelant, déi vun den Däitschen ënner Waasser gesat gi waren. No 24 Stonnen hate sech nëmmen 2.500 vu 6.000 Zaldote vun der 101. Divisioun zesummegeschloss. Vill Zaldote sinn nach deeglaang duerch d'Géigend geiert. Déi 82. Divisioun hat scho moies Sainte-Mère-Église ageholl, woumat dat eng vun den éischte vun den Alliéierte kontrolléiert Uertschaft während der Invasioun war.

Eng Sectioun vun der 101. Divisioun, hat sech doheem Irokesefrisure schneide gelooss, fir déi Däitsch fäerten ze doen. Déi Grupp gouf Filthy Thirteen genannt, an hir Zaldoten hunn als couragéiert gegollt. D'Iddi fir déi Aktioun hat de Fallschiermjeeër Jake McNiece, en Hallef-Indianer aus dem Oklahoma. D'Grupp ass kuerz virum D-Day vun engem Fotograf vum Stars and Stripes fotograféiert ginn, wei se sech d'Krichsbemolung op hir Gesichter opgedroen hunn. D'"Filthy 13" hu bis zum Enn vum Krich gekämpft, woubäi am Ganzen +/- 30 Zaldote gefall sinn oder blesséiert Memberen ersat goufen. Déi Däitsch sollen esouguer gemengt hunn, datt d'"Filthy 13" Krimineller wieren, déi d'Amerikaner fräigeloss hätte fir s'an d'Schluecht ze schécken.

Sword Beach[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Sword Beach 

D'Landezon war ongeféier 8 km breet an war a 4 Ofschnëtter mat den Nimm Oboe, Peter, Queen a Roger ënnerdeelt.

D'Zaldote vun der 3. britescher Infanteriedivisioun mat enger Stäerkt vun ongeféier 30.000 Mann sinn de 6. Juni um 7:25 Auer op de 4 ëstlechsten Ofschnëtter vun der Orne a vum Kanal vu Caen u Land gaangen. Fir si z'ënnerstëtze goufen hinnen britesch Kommandoen zougedeelt. Fir datt d'Fransousen och bei der Landung op hirer eegener Küst dobäi konnte sinn, hat de Generol de Gaulle sech zu London fir eng franséisch Bedeelegung staark gemaach an hien hat eng Zouso kritt. Esou koum et dat op Sword Beach och franséisch Zaldote mat gelant sinn. Fir d'Verdeedegung vu Sword Beach waren Deeler vun der däitscher 716. Infanteriedivisioun zoustänneg dovun d'736. Grenadéierregiment [1] souwéi d'125. Panzergrenadéierregiment vun der 21. Panzerdivisioun, an aner Unitéiten déi aus dem Hannerland agräife konnten. Am Osten hannert der Dives war och nach zousätzlech déi 711. Infanteriedivisioun stationéiert.

D'Englänner konnten trotz dem däitsche Widderstand a Frankräich virréckelen a sech sou mat hiren Unitéite vun der 6. Loftlandedivisioun vereenen. Well Caen net vun de Fallschirmjeeër eleng ageholl konnt ginn, hunn déi op d'Unitéite vun der 1. Special Service Brigade ënnert dem Kommando vum Lord Lovat gewaart, déi moies op der Pegasus-Bréck ukoumen. D'Virrécken op Caen ass erhieflech duerch déi 21. Panzerdivisioun a méi spéit duerch déi 12. SS-Panzerdivisioun „Hitlerjugend“ behënnert ginn. Dowéinst huet et nach bis Mëtt Juli gedauert, bis Caen ganz an alliéierter Hand war. D'Verloschter vun den Englänner am Offschnëtt Sword belafe sech op ongeféier 700 Zaldoten.

Juno Beach[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Juno Beach 

Landung op der Plage Nan

D'Landezon war an zwéin Ofschnëtter agedeelt, mat den Nimm Mike an Nan. Juno Beach louch tëschent de Secteure Sword a Gold Beach. D'kanadesch Unitéiten ënnert dem Generolmajouer Rodney Keller sinn an deenen zwéi Secteure gelant, dowéinst gëtt Juno Beach och dacks als kanadesch Plage bezeechent. Juno Beach war den zweetheftegst ëmkämpfte Secteur no Omaha Beach. Den Ofschnëtt gouf vun der 716. däitscher Infanterie-Divisioun ënnert dem Kommando vun Generol Richter verdeedegt.

An den éischte Stonnen no der Attack hu sech d'Verloschter vun de Kanadier op d'Hallschecht vun de gelanten Zaldote belaf, dat war ongeféier déi selwecht Zuel wéi déi vun den amerikanesche Verloschter op Omaha Beach. Déi ugelant Schwammpanzer konnten allerdéngs déi däitsch Verdeedegungspositiounen erfollegräich bekämpfen. Nodeem d'Kanadier no enger Stonn den Hiwwel vun der Plage aus iwwerwonnen haten, konnte se séier an d'Hannerland andréngen. Dono hunn déi Däitsch sech net méi sou gutt kënne verdeedegen. Géint Mëtteg war déi ganz 3. Kanadesch Divisioun u Land gaangen an eng etlech Kilometer a Frankräich amarschéiert (sou waren och schonn d'Brécken iwwert d'Seulles ageholl). Saint-Aubin-sur-Mer war géint 18:00 Auer a kanadescher Hand. Eng Grupp vum 6. kanadesche Panzerregiment konnt als eenzeg déi gesaten Ziler an der Normandie erreechen. Si si 15 km a Frankräich virgeréckt a konnten d'Haaptstrooss tëscht Caen a Bayeux kräizen. Ouni d'Ënnerstëtzung vun der Infanterie hu se sech awer missen zréckzezéien.

Um Enn vum Dag waren d'Kanadier sou wäit wéi keng aner alliéiert Unitéit op franséischem Buedem virgeréckt, obwuel se bei der Landung op ähnlech Géigewier gestouss si wéi d'Amerikaner op Omaha Beach. Dobäi sinn am Ganzen 340 Zaldoten ëm d'Liewe komm, weider 574 goufen der verwonnt. Zum Zesummeschloss mat den engleschen Unitéiten, déi op Sword Beach gelant waren, koum et owes um 7. Juni.

Gold Beach[änneren | Quelltext änneren]

D'Gold Beach bei Arromanches

Dee Landungssecteur war a véier Ofschnëtter, déi How, Item, Jig a King genannt goufen, ënnerdeelt. Dee leschte war nach eemol a Green a Red ënnerdeelt, esou datt et der am Ganze sechs waren.

Den D-Day sinn an deem Secteur englesch Truppe vun der 50. (Northumbrian) Infanteriedivisioun ënnert dem Kommando vum Generolmajouer Graham, als Deel vum 30. Arméikorps vun der 2. britescher Arméi ënnert dem Kommando vum Generolleitnant Miles Dempsey, gelant. D'Divisioun huet sech aus de Regimenter Devonshire, Hampshire, Dorsetshire an East Yorkshire zesummegesat. Weiderhi waren am Jig-Offschnëtt déi 231. Brigade an am King-Offschnëtt déi 69. Brigade als Landungstruppen agesat ginn, well déi zwéin Ënneroffschnëtter laang genuch ware fir datt eng ganz Brigade do landen konnt. Am Item-Offschnëtt hunn de 47. Royal-Marine-Kommando zesumme mat der 50. Divisioun gekämpft. Fir d'Verdeedegung vu Gold Beach waren Deeler vun der 716. däitscher Infanteriedivisioun a bei Le Hamel ee Batallioun vun der 352. Infanteriedivisioun (Kampfgruppe Meyer) zoustänneg.

D'Haaptaufgab vun den alliéierten Unitéiten war déi, e Bréckekapp op der Plage ze bilden fir dann Arromanches anzehuelen, wou e Mulberry-Hafe sollt bedriwwe ginn. Dono sollten déi amerikanesch Unitéiten op Omaha Beach an déi kanadesch op Juno Beach kontaktéiert ginn.

Den däitsche Widderstand gouf zwar ëmmer méi hefteg, mä et ass der 50. Divisioun gelongen bei relativ klenge Verloschter, d'Verdeedegungslinn ze duerchbriechen. Datt louch net zu gudder Lescht un der Ausrëschtung vun de Landungstruppem, déi aus Panzeren a gepanzerte Gefierer vun der 79. englescher Panzerdivisioun bestoung. Dobäi koumen déi sougenannt Churchill AVRE ee vun den Hobart's Funnies déi mat de sougenannten 290 mm Petard Mortieren equipéiert waren, fir Obstakelen a gréisser Befestegungen aus dem Wee ze raumen, oder de Sherman flail fir Minnefelder ze raumen.

La Rivière, haut e Quartier vu Ver-sur-Mer, ass scho moies um 10 Auer a Le Hamel bei Asnelles mëttes un d'Englänner gefall. D'Englänner konnte bis owes ongeféier 25.000 Mann landen an hate 400 Doudeger ze bekloen. De Bréckekapp konnt bis op 10 km an d'Land ausgebaut ginn a Kontakt mat de Kanadier vum ëstleche Strand hirgestallt ginn. Arromanches war géint 22:30 Auer vollstänneg besat an d' Englänner hu kuerz dono d'Aussebezierker vu Bayeux ageholl.

Omaha Beach[änneren | Quelltext änneren]

D'Omaha Beach war, mat méi wéi 10 km Breet, de gréisste Secteur. E war nach eemol an 8 Landungsoffschnëtter ënnerdeelt, déi vu Westen no Osten als Charlie, Dog Green, Dog White; Dog Red; Easy Green; Easy Red; Fox Green a Fox Red bezeechent goufen. Vun dëse war Easy Red mat 2,2 km dee gréissten.

Fir d'Verdeedegung war déi 716. Infanteriedivisioun agesat. Déi gouf vum Generol Wilhelm Richter am Haaptquartéier vu Caen kommandéiert. Déi 716. Divisioun war schonn am Juni 1942 als eng sougenannte statesch Divisioun op d'Küst verluecht ginn. Vu Mëtt Mäerz 1944 u koum déi 352. Divisioun dobäi an huet d'Hallschent vum Verdeedegungsberäich vun der 716. Divisioun iwwerholl.

D'Landungstruppen hunn op Omaha Beach déi gréisst Verloschter missen astiechen, well déi 448 B-24 Bomber mat hiren 1.285 Tonne Bomme vun der 2. Bomberdivisioun vun der 8. US-Air Force wéinst schlechter Siicht déi däitsch Stellungen net geroden haten an doduerch d'Verdeedegungsanlagen nach aktiv waren. 117 Stéck si souguer zréck an England geflunn ouni iwwerhaapt hir Bommen ofgeworf ze hunn, well se d'Zil net fonnt haten.

Deen éischte bedeitenden Duerchbroch ass um 9:00 Auer am Ofschnëtt Dog White gelongen. Do bestoung d'Verdeedegung nëmmen aus liichtem, net konzentréiertem MG-Feier aus dem Widderstandsnascht WN 60. De Kommandant, de Generol Cota, huet seng Unitéit vum Osten aus op Vierville gefouert an huet sech de Wee bis op d'Plage beim Dog-1 Exit fräigekämpft.

Op anere Plaze vun der Omaha Beach war et vill méi schwéier, déi däitsch Verdeedegunglinnen z'iwwerwannen. De Generol Bradley huet géint Mëtteg eng Noriicht kritt, datt grouss Deeler vun Unitéiten am Secteur Easy Red feststieche géifen. Op den Ofschnëtter Easy Red an Easy Green sinn doropshi weider Unitéiten als Verstäerkung ukomm an déi Verwonnt goufen oftransportéiert.

D'Widderstandsnascht WN 72 huet eréischt mëttes géint 13:00 Auer kapituléiert, esou datt eréischt dunn de Wee vun der Plage aus fräi war. Vun 20:00 Auer aus u si weider Landungswellen agetraff, déi zousätzlecht Material wéi Tanksen an Artillerie matbruecht hunn. Op der Westsäit vun Omaha Beach ass et der 1. US-Infanteriedivisioun net gelongen, hir Dagesziler z'erreechen. Um Moie vum 7. Juni hunn Deeler vum däitsche Grenadéierregiment 915 [2]nach eng Kéier probéiert, e Virstouss a Richtung Küst z'ënnerhuelen. Dat hat allerdéngs kee Succès an huet zum definitiven Zesummebroch am Strandberäich gefouert.

Vum 7. Juni 1944 un, waren déi däitsch Unitéiten nëmmen nach um Réckzuch, well hinnen eng alliéiert Iwwermuecht vu Panzeren an Artillerie sou wéi vun deenen hirer Loftwaff géintiwwer stoungen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D-Day – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Gouf den 2. Mee 1941 als Regiment vun der 15. Well am WK VI aus Ersatzkompanie vum Wehrkrees als Besatzungseenheet fir Frankräich gegrënnt.D'Regiment war eng Unitéit vun der 716. Infanterie-Division a gouf de 15. Oktober 1942 a 736. Grenadéierregiment ëmbenannt.
  2. Dat Regiment war de 14. November 1943 am Raum St. Lo an der Normandie fir d'352. Infanteriedivisioun opgestallt ginn. D'Regiment gouf am Juli 1944 an der Normandie vernicht.
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.