82. US-Loftlandedivisioun
Déi 82. Loftlandedivisioun (82nd Airborne Division), genannt All American oder America’s Guard of Honor, ass déi éischt Loftlandedivisioun vun der US-Arméi a mat ca. 14.000 Zaldoten de gréisste Loftlandeverband op der Welt.
D'Divisioun déi zënter 1944 zum 18. US-Loftlandecorps gehéiert, ass vun 1942 un am Fort Bragg an North Carolina, stationéiert, an huet den Opdrag, bannent 18 Stonnen no engem Alarm, op all Plaz vun der Welt gefechtsbereet ze sinn.
Si huet sech besonnesch am Zweete Weltkrich bei der Landung an der Normandie, der Operation Market Garden, der Operation Varsity an an der Ardennenoffensiv ausgezeechent. Unitéite vun der Divisioun waren am Vietnamkrich an an der Karibik mat derbäi. 1991 waren se am Zweete Golfkrich, an duerno am Kosovo an an Afghanistan. 2003 ware se am Irakkrich am Asaz.
| Commons: 82nd Airborne Division – Biller, Videoen oder Audiodateien |