Irakkrich
Den Irakkrich (offiziell engl. Bezeechnung: Operation Iraqi Freedom, op lëtz.: Operatioun Irakesch Fräiheet), wéinst der Chronologie vu fréieren irakesche Krichsbedeelegungen och nach als Drëtte Golfkrich bezeechent, war e Krich vun den USA an den alliéierte Staaten (besonnesch Groussbritannien an Australien) géint den Irak ënnert der Herrschaft vum Diktator Saddam Hussein.
Den Ugrëff, un deem sech nieft den USA ufanks weider 48 Staate bedeelegt haten (geleeëentlech Koalitioun vun de Wëllegen genannt), war den 20. Mäerz 2003.
D'Länner vun der Koalitioun hunn de Krich sécherheetspolitesch begrënnt, ë. a. mat dem Verheemleche an dem Verstoppe vu Massevernichtungswaffen am Irak bzw. dem sougenannte feelenden Nowäis vun der Vernichtung vu Massevernichtungswaffen. Och goufen an e puer vun de bedeelegte Staaten d'Massemuerden u Kurden a Schiiten duerch den irakesche Regime, déi zum gréissten Deel iwwert e Joer zrécklouchen, thematiséiert. Genee sou gouf dem Irak eng Ënnerstëtzung vum Terrornetzwierk Al-Qaida als weidere Krichsgrond virgeworf.
Beweiser fir d'Existenz vun irakesche Massevernichtungswaffen si weder virum, während dem Krich, nach spéider erbruecht ginn. Och kloer Indicen op eng Ënnerstëtzung vun der Al-Qaida duerch den irakesche Regime goufen net fonnt. D'Stéchhaltegkeet vun de genannte Grënn fir de Krich gëtt dofir vu villen ugezweifelt.
Vill, haaptsächlech Kritiker vum Krich, gesinn a wirtschaftlechen Intresse vun den USA den eigentleche Grond vum Ugrëff.
Déi meeschte Membere vum UN-Sécherheetsrot an der Vollversammlung schwätze sech virum Ufank vum Krich géit eng Interventioun a fir e Weiderfuere vun de Waffeninspektiounen aus.
D'Majoritéit vun de Länner vun der Koalitioun huet sech aus dem Bündnis zréckgezunn, nodeem am Irak keng Massevernichtungswaffe konnte fonnt ginn.
| Commons: Iraq War – Biller, Videoen oder Audiodateien |