Saddam Hussein

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Saddam Hussein am Juli 2004 viru Geriicht

De Saddam Hussein (arabesch: صدام حسين عبد المجيد التكريتي ṣaddām Ḥusain ʿAbd al-Mağīd at-Tikrītī; gebuer den 28. Abrëll 1937, exekutéiert den 30. Dezember 2006) war vun 1979 bis 2003 President vum Irak mat praktesch diktatorescher Muecht.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Saddam Hussein gouf 1937 am Duerf al-Audscha am Bezierk Tikrit an enger Schofhiertefamill gebuer. Hien ass de Jong vum Saddam Abd al-Madschid, dee viru senger Gebuert gestuerwen ass, a vun der Subha Tulfah al-Musallat.
Am Alter vun 10 Joer ass hie bei säi Monni Chairallah Talfah op Bagdad komm. Deem seng eelst Duechter Sadschida huet hien am Joer 1963 zu Kairo bestuet.

Ufank vun der politescher Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Saddam Hussein ass 1957 der deemools nach verbuedener Baath-Partei bäigetrueden an huet 1956 un engem erfolleglose Putsch-Versuch géint den irakesche Kinnek Faisal II. deelgeholl. 1958 huet hien eng aner, vum Generol Abd al-Karim Qasim geféiert Grupp ënnerstëtzt.
Wéinst engem mësslongenen Attentat op de Premierminister Qasim, huet den Hussein sech 1959 iwwer Syrien an Egypten ofgesat a gouf a senger Absence zum Doud veruerteelt. De Bath-Partei-Chef Fuad ar-Rikabi gouf wéinst dësem Mësserfolleg duerch de Madschid, een dee méi wäit ewech Famill mam Saddam Hussein war, vun 1959-61 ersat.
Während (angeblechen) Etüden un der juristescher Fakultéit vun der Universitéit Kairo, wann dann ouni Ofschloss, huet hie Kontakter zu der CIA kritt.

Den 8. Februar 1963 koum hien dunn, no engem erfollegräiche Putsch vun der Baath-Partei, an deem de Premier Qasim a vill Féierungspersounen hiert Liewe verluer hunn, an den Irak zréck. Nom Muechtwiessel (Ramadanrevolt) gouf hien 1964 zu enger Prisongsstrof veruerteelt, ass awer (mat Hëllef vum Tahir Yahyas) 1967 geflücht.
1968 huet hien en erfollegräiche Staatsstreech vun der Baath-Partei an der Arméi ënnerstëtzt.

Opstig[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1968 am Irak d'Baath-Partei un d'Muecht koum, huet de Saddam Hussein an der neier Regierung d'Amt vum stellvetriedende Generalsekretär vum Revolutionäre Kommandorot iwwerholl, an och déi vum Chef vum Ministère fir Staatssécherheet a vum Propaganda-Ministère 1969 och de Poste vum Vizepresident.
Den 1. Juni 1972 huet hien d'Verstaatlechung vu westlechen Ueleg-Firmen, déi en Ueleg-Monopol am Irak haten, ageleet. Mat den Uelegrecetten huet d'Land sech zu enger regionaler militärescher Groussmuecht entwéckelt. D'Recetten aus den Uelegverkeef hunn awer och fir de Wuelstand a méi breede Bevëlkerungsschichte gesuergt.
Den 1. Juli 1973 gouf hie vum Revolutiounsrot zum Drai-Stäre-Generol vun den irakesche Sträitkräften ernannt, spéider huet hie sech selwer zum Marschall ernannt.
De 6. Mäerz 1975 huet hien als Vizepresident mat dem iranische Schah Mohammad Reza Pahlavi d'Ofkomme vun Algier iwwer de Grenzverlaf am Schatt al-Arab an dei géigesäiteg Netamëschung a bannenzeg Ugeleeënheete geschloss.
1979 huet de President Ahmad Hasan al-Bakr de Saddam Hussein am Alter vun 42 Joer zum Partei-Chef an zu sengem Nofolger ernannt. Den 11. Juli 1979 gëtt hie Generalsekretär vun der Baath-Partei an de 16. Juli 1979 iwwerhëlt hien d'Muecht als Staats- an Regierungschef. Duerno huet huet hien eng bluddeg “Säuberung” vun der Baath-Partei ageleet a verhënnert sou e geplangten Zesummeschloss mam baathistesche Regime vu Syrien.

An dach war och duerno dem Saddam Hussein seng Autoritéit nach net ganz onëmschränkt. Ugaangs haten al-Bakr a Saddam Hussein d'Ämter nëmme getosch, den al-Bakr ass faktesch Vizepresident bis zu sengem Doud am Abrëll 1982 bliwwen. E Gerücht handelt vun enger Vergëftung. Den Hussein op alle Fall huet dës éischt Zäsur vun enger Muechterweiderung schonn am Juli zu enger verhängnesvoller Elengentscheedung ausgenotzt – dem Réckzuchsbefehl fir d'irakesch Truppen an enger entscheedender Phase am Golfkrich géint den Iran. Déi zweet Zäsur ass 1989 unzesetzen. Mam Doud vum Baath-Partei-Grënner a Vizepresident Michel Aflaq (schonn erëm war vu Gëft riets) an der Ausschaltung vum Chairallah Talfah, deen als Krichsminister am Golfkrich populär ginn ass, am selwechte Joer (mystériéist Helicopter-Accident) gouf et keng, och net usazweis rivaliséierend moralesch Autoritéit méi nieft oder hanner dem President, déi de Saddam Hussein zum Krich géint de Kuwait hätt kënne beaflossen.

Éischte Golfkrich[änneren | Quelltext änneren]

Zweete Golfkrich[änneren | Quelltext änneren]

Drëtte Golfkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am sougenannten Drëtte Golfkrich (20. Mäerz 2003) sinn d'Truppen aus den USA an hiren alliéierte Staaten an den Irak amarschéiert, hunn d'irakesch Arméi geschloen an hunn d'Land vollstänneg besat. D'USA hunn dëst begrënnt, well den Irak duerch d'Entwécklung an de Besëtz vu Massevernichtungswaffe géint d'UN-Resolutioune verstéisst, a well de Saddam Hussein terroristesch Organisatioune wéi Al-Qaida géif ënnerstëtzen. Béides konnt allerdéngs bis haut net confirméiert ginn. Op de Saddam Hussein an eng Rei Spëtzeleit vun der Regierung gouf e “Kappgeld” vu 25 Milliounen US-Dollar ausgesat.

Nom Enn vum Krich sinn Tounbandopnamen opgedaucht, an deenen eng männlech Stëmm dozou oprifft, “d'Invasoren aus dem Land ze verdreiwen”. Et gëtt als wahrscheinlech ugeholl, datt et sech dobäi em d'Stëmm vum Saddam Hussein handelt.

Seng Jongen Udai a Qusai, déi fir hir Grausamkeet gefaart goufen, koumen den 22. Juli 2003 bei engem US-Ugrëff an hirer Stopp zu Mosul bei heftege Kämpf ëm d'Liewen. Säin drëtten a jéngste Jong (Ali Hussein) ass ënnergedaucht.

D'Festnam vum Saddam Hussein[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Dezember 2003 gouf de Saddam Hussein vun US-amerikanesche Besatzungstruppe festgeholl. No US-amerikanescher Duerstellung gouf hien am Kader vun enger Razzia an engem Duerf, ongeféier 15 Kilometer vu senger Heemechtsstad Tikrit ewech, fonnt. Bei där Aktioun soll kee Schoss gefall sinn. Hie soll sech an engem gemauerten Erdlach an engem Haus verstoppt an e Vollbart gedroen hunn. Bei him soll Boergeld am Wäert vun ongeféier 750.000 US-Dollar fonnt gi sinn. Dee vun der amerikanescher Féierung verbreeten Hiergang vun der Festnam an de konkreten Zäitpunkt gëtt vum Saddam Hussein sengem Affekot, souwei vun him selwer bestridden; och de fréieren US-Zaldot Nadim Abou Rabeh sot am Mäerz 2005, datt déi Zeen mat dem sougenannten Äerdlach gestallt ginn ass, de Saddam Hussein hätt an engem Haus gelieft an d'US-Zaldote wiere bei der Festnam op Widderstand gestouss.

Seng Identitéit gouf no US-amerikaneschen Donnéeën duerch eng DNAanalys souwéi unhand vun Zänn a Läinzeechen nogewisen. Offiziell gouf d'Festnam de 14. Dezember 2003 um zirka 13 Auer MEZ duerch de briteschen Premierminister Tony Blair an kuerz duerno an enger Pressekonferenz duerch den US-amerikaneschen Zivilverwalter am Irak Paul Bremer confirméiert.

De Saddam Hussein gouf am Héichsécherheetsprisong Camp Cropper inhaftéiert. Den 10. Januar 2004 gouf d'US-amerikanesch Regierung bekannt, den Hussein wier vun elo un en offizielle Krichsgefaangene vun den USA. De Status vum Krichsgefaangenen erméiglecht ënner anerem den Observateuren an Hëllefsorganisatiounen (wei z. B. d'Rout Kräiz) mam Ex-Diktator a Kontakt ze trieden, a sech vu sengem gesondheetlechen Zoustand an den Haftbedingungen e Bild maachen ze kënnen. Deeselwechten Dag huet den irakesche Regierungsrot d'Vereenegt Staaten opgefuedert, den Hussein als e Kriminellen un d'irakesch Justiz z'iwwerginn. Den 30. Juni 2004, also zwéin Deeg no der offizieller Muechtiwwergab un d'irakesch Iwwergangsregierung, gouf den Hussein no 6 Méint der irakescher Justiz iwwerginn.

D'Uklo[änneren | Quelltext änneren]

De Prozess[änneren | Quelltext änneren]

D'Uerteel[änneren | Quelltext änneren]

De Saddam Hussein gouf zum Doud veruerteelt an den 30. Dezember 2006, moies um 6 Auer Lokalzäit (4 Auer MEZ), exekutéiert.

Famill vum Saddam Hussein[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jörg Haider, Zu Gast bei Saddam. Im "Reich des Bösen". Ibera Verlag, Wien 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saddam Hussein – Biller, Videoen oder Audiodateien