Jörg Haider
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jörg Haider, gebuer de 26. Januar 1950 zu Bad Goisern (Oberösterreich) a gestuerwe bei engem Autosaccident den 11. Oktober 2008 zu Klagenfurt (Kärnten), war en éisträichesche Politiker.
Hie war tëscht 1977 an 2005 Member vun der FPÖ a Grënnungs-President vum Bündnis für die Zukunft Österreichs (BZÖ) vun 2005 bis 2008. Hie war Landeshauptmann vum Bundesland Kärnten vun 1989 bis 1991 a vun 1999 bis zu sengem Doud 2008.
Fir vill Leit gëllt hien als Rietspopulist, woubäi virun allem seng Aussoen iwwer dat Drëtt Räich an d'Waffen-SS, seng Positioun zu der sloweneschsproocheger Minoritéit a Kärnten, a seng Kontakter mam Saddam Hussein a Muhammar Gaddhafi zum Deel staark Kritike provozéiert hunn.
De Jörg Haider war bestuet an hat zwou Duechteren.
| Commons: Jörg Haider – Biller, Videoen oder Audiodateien |